Object: MuseoMag 2024_02

13 
N°II 2024   MuseoMag 
AN DUNN? 
Den Olisy ass de leschte Kommandant, dee mer am 
Haus gräife konnten. Nodeems d’Proprietairinnen, 
d’Gräfinnen von Soetern, gestuerwe waren, stoung 
d’Haus laang eidel. 1785 huet d’Militär d’Haus opkaaft 
an d’Proviantamt (commissariat des vivres) doran 
ënnerbruecht. Wéinst de grousse Bakiewen louch 
dës Notzung no. 
Bis zur Schläifung vun der Festung 1867 huet d’Mili- 
tärverwaltung d’Gebai genotzt. Dono ass de Staat 
Proprietaire ginn. 
An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert 
huet de Lëtzebuerger Heraldiker a Militärhistoriker 
Louis Wirion (1907-1961) am Haus gewunnt an dobäi 
ugefaang seng Geschicht ze schreiwen. 
Simone Feis a Ralph Lange 
Méi iwwert d’Haus, seng Bewunner 
an d’Verbindunge vum 18. Joerhonnert an eis 
Géigewaart kënnt Dir an der Ausstellung 
Sub umbra alarum. Luxemburg, 
Festung der Habsburger 1716-1741 
am Musée Dräi Eechelen gewuer ginn 
déi bis den 23. Juni 2024 verlängert ginn ass. GESCHICHT
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.