37
N°II 2025 MuseoMag Agenda
JEUNE PUBLIC
SALZEG ODER SÉISS
Kraider mat alle Sënner erliewen
Hues du schonn e Paangech mat frësche Kraider
geschmaacht? An dësem Workshop hëlt d‘Sandra
Leoni dech mat a säi Kraidergaart. Hei kanns du däin
eegent Kraidersalz an däin eegene Kraiderzocker
hierstellen an uschléissend mat engem Paangech,
salzeg oder séiss, genéissen.
ATELIER EN FAMILLE – sur inscription
(à partir de 6 ans)
8 €
Mardi 20 mai 14 h - 16h30 LU
FOLLOW ME!
Komm a géi mat op eng Entdeckungsrees duerch
de Musée. 6.000 m² - méi grouss wéi e Fussballs-
terrain! Mir ginn vun den ënneschten Etagë bis op
déi iewescht Etagen an iwwert d‘Bréck an en aneren
Deel vum Musée: Mir entdecke entdecken Archäo-
logie, Mënzen a Medailen, Dekoratioun, Konscht an
Handwierk. Iwwert déi spannendst Objets erzielt
d‘Brigitte Tesch eis eng Geschicht. Optional: Dir
kënnt och e Skizzebuch matbrénge fir äert Liblings-
wierk ze zeechnen oder déi spannend Geschicht
opzeschreiwen, fir datt dir se net vergiesst.
VISITE EN FAMILLE – sur inscription
(à partir de 6 ans)
gratuit
Mardi 27 mai 14 h LU
KRAIDERSCHMAUS
An eisem réimesche Gaart fannen sech eng ganz
Panoplie vu Kraider déi een sammelen a schmaache
kann. Mam Sandra Leoni bake mir e feint Kraiderbrout
a schnëppelen déi passend Kraider fir eng gréng
Zooss ze preparéieren. An zum Schluss maache mir
Popcorn um Feier. Ei wat dat gutt schmaacht!
ATELIER EN FAMILLE – sur inscription
(à partir de 6 ans)
8 €
Mardi 17 juin 14 h - 17 h LU