35
N°IV 2024 MuseoMag
INTERVIEW
an huet d’Erlabnis meng Fënstere futti ze schéissen.
[Liicht schockéiert] Kennt Dir dann een deem dat
scho geschitt ass? Glas ass jo onwarscheinlech
deier!
Perséinlech net, awer ech hunn et schonn héieren.
Lo méi an der Stad, hei zu Käerch do passe mir méi
op. Hei ass jo och net sou vill Betrib wéi an der Stad.
Sidd Dir dann um Rez-de-chaussée oder um
éischte Stack?
Also heiansdo sinn ech och uewen, awer dat hei
alles ass de Rez-de-chaussée bei mir am Haus.
Mir setze jo hei bei Ärem Bett, an enger Schlof-
kummer, an ech muss einfach soen, et ass sou
schéi gemaach, eng handwierklech Leeschtung.
Hutt Dir dat selwer gemaach?
Jo, jo, jo [ganz äifereg]. Dat alles hei ass vu mir ge-
maach! T‘ass d’Käercher Stuff, sou gëtt et genannt.
An d’Leit komme jo da bei mech an d’Haus, wann
se wëllen eppes bestellen. Da gesinn se jo wéi ech
schaffen. An dat hei ass schon ganz aalt Eechenholz
aus der Géigend. Kuckt wéi verwurrelt dat Ganzt ass,
dat war schonn eng Aarbecht fir dat ze maachen:
dat ass alles op der Hand geschnidden a geschlaff…
Ech war scho laang am Gaangen. Gesitt Dir déi
Prezisioun mat där ech geschafft hunn?!
Majo, dat ass en Zeeche vu Qualitéit !
Majo sécher! Dat ass éischtens mol d’Qualitéit, an
dann awer och d’Aart a Weis wéi et gemaach ass.
D’Leit kommen net just hei vu Käerch bei mech. Bon,
ech hu mir zwar hei mäin Numm gemaach… Waart
Dir schonn hei an der Käercher Kierch?
Nee, bis elo nach net…
Ma do hunn ech mam Dikrecher do… wéi heescht
e lo… den André Doyé vun Dikrech… de Sculpteur…
mir hunn d’ganz Kierch do gemaach.
Asou do hutt Dir och mat dru geschafft?
Majo, majo, ech hunn do de ganzen Tabernakel
an de Beichtstull gemaach, mir hunn d’Dëscher an
d‘Skulpturen gemaach… Also vill sinn do menger
Meenung, wann ech soen: et ass déi schéinste Kierch
hei am Land! Gitt eng Kéier kucken, ech zielen Iech
do keng Spiichtecher!
Ech hu mir et notéiert!
Nee wierklech, gitt se kucken. Et ass e Meeschter-
wierk!
Wéi géing Dir dann Äre Stil beschreiwen – wann
een d’Kierch an d’Stuff betruecht? Ech gesinn hei
iwwert dem Bett Blummemotiver, awer dann um
Schaf schafft Dir an enger ganz anerer Ästhetik –
méi präzis, méi filigran. Géingt Dir soen dass dat
einfach d‘Entwécklung vun Ärem Stil ass oder gitt
Dir och vu Mataarbechter beaflosst?
Jo, genau esou. Ech entwéckele mech ëmmer wei-
der. Kuckt deen do [hie weist op de grousse Schaf
lénks vum Bett], deen hunn ech net gemaach. Dat
war mäin Eedem.
Asou, Dir gitt awer sou vill Kontroll of. Wéi heescht
dann Ären Eedem?
Guillaume Lamberjaques, heescht deen. Hien huet
mäin Anne-Catherine bestuet. A lo schaffe mir ze-
summen. Dat do ass e Meeschterwierk vun him.
Bon… Dir nennt dat méi präzis, filigran, oder sou,
jo, dat kann ee gesi wéi ee wëll, mee ech hu léiwer
mäi Stil. Ech sinn do bëssi méi naturverbonnen, net?
An dann och ebe wéi ech an der Kierch geschafft
hunn… dat hat ech jo alles fir eiser Här gemaach, do-
fir hunn ech do jo och näischt verdéngt…
Ah nee? D’Kierch bezilt net?
Nee, de Paschtouer huet souguer d‘Kierch aus sen-
ger eegener Fortune, déi hien ugesammelt hat, baue
gelooss. An ech ka jo dann do net vill Sue froen… an
ech hu jo lo och eppes gemaach fir eiser Här, net?
©
éric chenal