13
N°III 2024 MuseoMag
INTERVIEW
ass ëmmer interessant déi Dynamik ze verstoen, wéi
et iwwerhaapt dozou komm ass, datt esou vill Portu-
gisen zu Lëtzebuerg etabléiert sinn, an ze verstoen,
wéi déi ganz Diaspora entstanen ass. Ech wunnen
elo geschwënn dräi Joer zu Lissabon, wou ech
matkrut, datt de 25. Abrëll immens vill gefeiert gëtt.
Ech krut dat awer doheem net wierklech mat, well
meng Elteren et ni wierklech erwäänt hunn.
Steven: Ech hunn d’Gefill, datt déi Léit, déi dee-
mools komm sinn, mat enger Mentalitéit vun „ech
kommen op Lëtzebuerg fir ze schaffen“ komm sinn.
Si adaptéieren sech net hei, awer da geet d’Zäit och
a Portugal weider, d.h. si adaptéieren sech weder
hei nach do, a gi weder hei nach do gutt ugesinn.
Ganz vill Persounen, och a menger Famill, hu sech
net ugepasst, well se ëmmer am Kapp haten, „mir
wäerten zréckgoen, mir bleiwe just zéng Joer hei“. Si
sinn dann an deem Limbo a se gehéiere weder hei
nach do.
Liliana: Et ass eng extrem hybrid Identitéit, déi
mir hunn, als Leit, déi eng portugisesch Ofstamung
hunn, awer déi zu Lëtzebuerg op d’Welt komm an
opgewuess sinn. Mir hunn eng hybrid Educatioun,
mir verstinn awer weder dat eent ganz richteg nach
dat anert. Dowéinst ass et wichteg de Background
ze kennen, firwat mir net wierklech integréiert ginn.
Dat ass eppes, wat an all Communautéite geschitt
wann een emigréiert. Et hannerfreet een seng ee-
gen Identitéit: Wat ass deemools geschitt? Vu wou
kommen ech? Wat ass dat iwwerhaapt Portugis ze
sinn? Mir kréien dësen historesche Background an
der Schoul jo guer net mat.
Dofir ass d’Ausstellung interessant: et ass net just
iwwer déi portugisesch Geschicht, mee de Lien mat
Lëtzebuerg. Dat wier interessant a Schoulen ze léie-
ren: net just Lëtzebuerg, mee Lëtzebuerg am „bigger
picture“, am Zesummenhang mat der Migratioun, déi
et hei gëtt. Mir sinn e „melting pot“, et sinn net just
Lëtzebuerger, net just Portugisen, mir sinn esou vill méi.
Waart dir iwwerrascht, datt mir esou eng
Ausstellung am Nationalmusée proposéieren?
Wat war är Reaktioun, wéi dir gefrot gouft, fir bei
der Expo matzemaachen?
Steven: Erstaunt ware mir wierklech an e bësse
stolz, muss ech soen, dat ze gesinn an Deel dovun-
ner ze sinn.
Liliana: Et ass eng Saach, wann een als Kënscht-
ler vun enger grousser Institutioun unerkannt gëtt.
Et ass ëmsou méi wichteg, wann een als portu-
gisesche Kënschtler zu Lëtzebuerg unerkannt gëtt.
Mir si wierklech opgewuess mat der Wouerhuelung,
datt mir als Portugisen zu Lëtzebuerg net genuch
sinn. Mir mussen ëmmer duebel esou vill schaffe
wéi déi aner fir kënnen esou gutt ze si wéi d’Lëtze-
buerger. Dofir ass d’Unerkennung fir mech duebel
sou wichteg.
Steven: Dat ass wouer, datt mir zu Lëtzebuerg esou
opgewuess sinn, zumools an der portugisescher Fa-
mill. D’Eltere verlaange vill vun dir, mee si hu guer
keng Anung wat si vun dir verlaangen. Du kriss Pres-
sioun vun doheem an dann an der Schoul gëss du
net wouergeholl. Wéi oft krut ech vu Proffe gesot
„aus dir wäert näischt ginn“, zum Beispill.
Liliana: Dat stëmmt, den Drock kënnt och vun
doheem. Well eis Elteren an deem System vun Ën-
nerdréckung erzu goufen a well si selwer iwwerzeegt
sinn, datt si net gutt genuch sinn. Dat ass esou eng
Situatioun vu „mirroring“, wou een sech zeréckspi-
gelt, wou een seng eegen Identitéit a Fro stellt.
Spigelt sech dës hybrid Identitéit, déi dir virdrun
erwäänt hutt, och an ärer eegener Konschtpraxis
erëm?
Liliana: Absolut, ech si konstant an der Dualitéit,
sief et a menger Aarbecht, sief et mat mir selwer.
Dat ass eng Thematik, déi immens vill opkënnt. Ech
verspieren, datt dat ganz vill a mir verankert ass, dës
hybrid Identitéit. An ze verstoe vu wou dat kënnt, dat
war net ëmmer kloer.
Steven: Alles wat ech maachen ass en Lien mat
menge Roots. De Fakt, datt ech Portugis sinn, datt
ech Deel vun der Queer-Community sinn, dat
mëschen ech a menger Konscht. Du léiers och im-
mens vill doraus, Konscht ass e bësse wéi Therapie.
Du kanns vill domadder verschaffen.
Fir op ären Apport fir d’Expo ze kommen. Kéint
dir eis e bëssi méi erzielen iwwer är Workshops a
Visite-guidéeën, déi dir iwwert déi nächst Méint am
Kader vun der Ausstellung wäert proposéieren?
Wat erwaart de Visiteur?
Steven: Mäi Workshop besteet aus zwee Deeler.
Ech wollt, datt d’Leit wierklech den traditionelle Pro-
zess fir Plättercher ze maache léieren. Ech schwätzen
a menger Aarbecht ganz vill iwwer perséinlech Fräi-
heet an an der Expo geet et jo och dorëms. D’Par-
ticipantë wäerte véier Plättercher aus Leem ges-
talten, da kréie si eng Hausaufgab. Si musse sech
iwwerleeë wat hir perséinlech Fräiheet ass an en
Text schreiwen oder Biller molen. Dat zeechne si da
mat wäissen a bloe Faarwen op déi fäerdeg Plätter-
cher. D’Plättercher ginn herno nach eng Kéier ge-
brannt an da kënnen d’Participantë se an de Musée
siche kommen.