32
MuseoMag N°II 2024
„Am héijen Alter hat ech dunn d’Iddi eng Zäitmaschinn ze bauen, mee ech hat ni geduecht, dass mir dat géinge packen.“
liichtem Schluchzer an der Stëmm] No allem wat ech
fir hie gemaach hunn, huet dee mech einfach fënnef
Joer do sëtze gelooss. Réischt säi Bouf, wéi dee
Kinnek gouf, huet dee mech rausgeholl.
An dir hutt a Gefaangenschaft geléiert wéi ee
Bicher bënnt?
Also, ech... [liicht verleeën] …ech hunn et net selwer
gemaach…
Ah, Dir hutt d’Appreciatioun vum Bannen geléiert?
Ech hunn déi schéinste Reliure gesinn… einfach
fantastesch! Déi hunn sou gutt Leit gehat a
Frankräich do beim Henri II. am Schlass vu
Vincennes. Dat heescht ech hu Bicher kaaft an
dunn an Optrag gi fir eng nei Reliure mat mengem
Emblème a menger Devise „Force m’est trop“.
An all Buch ass déi dran. Also déi Devise verkier-
pert mech jo awer, fannt Dir net och? Also fir een
deen 59 Joer laang Gouverneur hei war… 1517 ge-
buer bis 1604, mat 87 hunn ech mech réischt mat
der Zäitmaschinn dervu gemaach… also wann dat
net „Force m’est trop“ ass, ech hat der zevill, ech hat
der zevill!
©
éric
chenal
Am Géigesaz zu den einfachen Zaldoten an Ärem
Regiment, ass et Iech dann awer zimlech gutt
an der Gefaangenschaft ergaangen, wann Dir
souguer Bicher kafen an an Optrag gi konnt?
Natierlech, ënnert der Nobless besteet do e gewësse
Respekt. Wa mir hei ee vun der franséischer Nobless
hei a Gefaangenschaft haten, an dee war quelqu’un
dann hu mir deen och net egal wouhi gesat. An et
geet jo drëm fir ze bezuelen – wat ee méi nobel ass
– wat méi Léisegeld.
Géingt Dir da vun Iech selwer behaapten dass Dir
un e gewësse Luxus gewinnt sidd? Ech mengen
Dir hutt e Schlass, drot d’Gëlle Vlies, souguer
als Prisonéier hutt Dir e gewëssene Wuelstand
genoss, ech ka mir nëmme virstellen, dass Dir dat
gréissten a mëllstent Bett hutt!
Nee, nee, nee, also sou ee sinn ech net! Also et ass
scho flott am Luxe sou bëssi ze schwadronéie-
ren, mee kuckt: ech schlofe souguer a mengem
Schlass ganz bescheiden op mengem Feldbett –
dat nämmlecht wat ech och agepaakt hunn wann
ech op d’Schluecht gaange sinn. Ech hu gären an
deem geschlof. An ech hu gutt an deem geschlof!
“BON, ECH SINN EBEN E
PRINCE DE LA RENAISSANCE...“