30
MuseoMag N°II 2024
Ech hu mech schonn oft gefrot wéi dat wier en
direkten Abléck an d’Geschicht ze kréien, einfach
d’Leit aus der Zäit froen ze kënnen, a sech net
just op Bicher an Artikelen bezéien ze mussen.
Genau déi Éier hat ech kierzlech bei engem
Treffen am Musée Dräi Eechelen: en direkten a
ganz éierlechen Interview mam Peter Ernst von
Mansfeld bei enger Taass Téi.
“BON, ECH SINN EBEN E
PRINCE DE LA RENAISSANCE...“
Eng Taass Téi mam… Peter Ernst von Mansfeld
©
natalia
sanchez
Peter Ernst von Mansfeld: „Ech schlofe souguer a mengem Schlass ganz bescheiden op mengem Feldbett.“