8 museomag 02 ‘ 2018
Am Kader vum europäesche Joer vum Kultur-
ierwen erméiglecht den MNHA senge Visiteuren
d’Restauratioun vum Barend Cornelis Koekkoek
(1803-1862) sengem Wierk live mat ze erliewen.
Haaptacteur bei dëser Aktioun ass d’Restauratrice
Simone Habaru, déi sech bei hirer Aarbecht iwwert
d’Schëller kucke léisst. Mir hunn dem Simone
Habaru bei dëser Geleeënheet e puer Froen
zum Restauratiounsvirgank an zu hirem Beruff
gestallt.
Op wéi eng Problemer kann ee beim Restauréiere
stoussen?
Wann een sech d’Bild vun noem ukuckt kann een op
verstoppte Rëss oder Lächer stoussen, déi een op den
éischte Bléck net gesäit. Oft sinn déi schlecht gefléckt
an da wäitleefeg iwwermoolt ginn. Et passéiert och mol,
datt ënnert alen Iwwermolungen eppes ganz Aneres
zum Virschäi kënnt. Dat entdeckt een dann eréischt
beim Ofdroe vu Vernis a Retuschen.
Eist Zil ass et, déi ursprénglech Molschicht fräizeleeën
a just Feelstellen opzefëllen, fir dem Original méi
KOMMT A KUCKT EISER
RESTAURATRICE IWWERT D'SCHËLLER
DEN ATELIER “KUCK DE KOEKKOEK” LEEFT NACH BIS DE 17. AUGUST
gerecht ze ginn. Och soll den allgemengen Zoustand
vum Bild verbessert ginn. Dat heescht Rëss flécken
an d’Spannung vun der Toile erëm an den Equiliber
setzen, fir datt d’Wierk déi nächst Joren ouni Bedenke
conservéiert an, an dësem Fall, am Musée ausgestallt
ka ginn.
Wéi ënnerscheet een den Original vun eventuelle
spéidere Retuschen?
Et muss een sech Schrëtt fir Schrëtt eruntaaschten.
Duerch meng Erfarung a meng geschoulten Aen
erkennen ech normalerweis den Ënnerscheed an der
Matière vun de verschidde Vernis- a Faarfschichten.
Et gëtt awer och ëmmer am Virfeld eng detailléiert
Recherche gemaach iert iergendeppes um Bild geännert
gëtt. D’Molerei gëtt geneestens ënnersicht, ënnert der
Lupp oder dem Mikroskop. An der UV Luucht erkennt
een déi nogemoolten Zone ganz gutt, well se méi
däischter erausstieche wei déi ënnescht Originalcouche.
Op engem Calque gëtt da genee opgezeechent op wéi
enge Plazen d’Bild retuschéiert ass oder wou et muss
gefléckt ginn.
Simone Habaru: „Eist Zil ass et, déi ursprénglech Molschicht fräizeleeën a just Feelstellen opzefëllen, fir dem Original méi gerecht ze ginn.“
©
éric chenal