15 02 ‘ 2023 museomag
véier Steng déi erhale sinn, hunn ëm déi 90 x 90 cm an
eng Déift vun ca. 35 cm, deen ee weit 508 kg an deen
aner 435 kg.
Déi nei Paart huet mol keng 10 Joer bestan, dunn
ass se am Kader vun der Schläifung vun der Festung
ab dem Summer 1870 scho rëm ofgerappt ginn. Dat
Baumaterial wat net benotzt ginn ass fir d’Grief ze
fëllen, hunn d’Entrepreneuren laut engem Ofkommes
däerfe behalen. Fir eis Steng war dat eng Chance, well
déi, resp. zwee vun hinnen, begéine mer als nächst
Etapp um Lampertsbierg erëm.
Do goufen se nämlech an der Mauer vun der Villa
Baden an der Avenue Pasteur agebaut. Dëst Haus
gouf ëm 1869 vum Architekt François Wolff gebaut.
Anscheinend hat heen och de Steen vum Roude Pëtz a
sengem Gaart stoen. 1872 huet de Biisser Entrepreneuer
Jean Kinkels d‘Villa kaaft an dono hunn de Friedrich
Adolf Richter a seng Famill dra gewunnt. Hee war den
Erfinder vun de sougenannten Ankerbausteine a vum
Pain-Expeller, e Wonner-Medikament géint all Zorte vu
Krankheeten.
Puer Joer drop ass de Chemie-Fabrikant Max Baden
rageplënnert, dohier kennt een d’Haus och nach als
„Villa Baden“. Leider ass se ëm 1975 ofgerappt ginn
fir engem moderne Building mat Geschäfter Plaz ze
maachen.
ZU BOUNEWEG HU SE JUST NACH
GEHËNNERT
Mir huelen un, datt déi zwee Steng dunn an de
Virgäertche vum Haus zu Bouneweg an der rue
Anatole France komm sinn. An de 1970er Joren huet
do e gewëssenen Eduard Weber gewunnt, dee sech
an engem Zeitungsartikel iwwert d‘Erhalen an d’Mise
en valeur vum Obelisk vun Hollerech agesat huet an
dowéinst eng gewësse Sensbilitéit fir de Lëtzebuerger
Patrimoine bewisen huet.
De Musée konnt d’Steng réischt 2019 vum aktuelle
Besëtzer ofkafen: en vue vun Ëmbauaarbechte
rondrëm d’Haus hu se nach just gehënnert a si sollten
elo definitiv fort. An enger opwänneger Aktioun huet
de Musée se du gebuergen, an den Dépôt geholl a se
restauréiere gelooss.
Bis den 21. Mee kënnt Dir se nach an der Ausstellung
Collect10ns 2012-2022 bewonneren. Dono gi se dann
an d‘Dauerausstellung integréiert, wou se no iwwer 160
Joer, dank ville glécklechen Ëmstänn, zréck an engem
Festungsgebai sinn.
Simone Feis
Mauer vun der Villa Baden
Detail aus Zeichnung des neu erbauten Heinrichs-Thor in der
linken Flanke des Bastion Louis, SBB, SX140990/6/B1, März 1868.
PATRIMOINE
Archives
iconographiques
du MNAHA