Full text: MuseoMag 2023_01

15 01 ‘ 2023   museomag 
MEET THE ARTIST 
Frankräich opkomm ass a sech duerch eng fräi, ab- 
strakt kënschtleresch Approche an eng grouss Gestua- 
litéit auszeechent, maassgeeblech gepräägt. Den Tapié 
huet den Unger a senger kënschtlerescher Entwécklung 
suivéiert a 1981 souguer eng Monographie iwwert hie 
bei der Librairie Source zu Paräis rausbruecht. Iwwert 
den Tapié huet den Unger och den Ante Glibota kenne- 
geléiert, mat deem hien du laang Zäit zesumme 
geschafft huet an deen eng ganz Rei Publikatiounen a 
grouss Ausstellungen iwwert hie gemaach huet. 
PYROCHIMIOGRAMMES 
Et war relativ fréi a senger Karriär, an den ugangs 70er 
Joren, wou den Arthur Unger, no ville Versich an Expe- 
rimenter zu senger Technik mam Koffer a mam Feier, 
dem sougenannten Pyrochimiogramme fonnt huet. 
Et ass eng bis dato eenzegaarteg Technik, déi aus 
enger Rei Aarbechtsschrëtt besteet a fir déi Koffer- 
blieder, deelweis vu verschiddenen Déckten, als 
Support benotzt ginn: 
- An enger éischter Phase moolt den Artiste eng 
Zeechnung mat Encre de Chine, déi d’Eegenschaft 
huet feierresistent ze sinn, op de Koffer. 
- Dono ginn d’Blieder da mat liicht gesaiertem oder 
gesalztem Waasser behandelt an dréchne gelooss. 
- Schliisslech ass et dann un der Zäit fir d’Inter- 
ventioun mam Feier, wouduerch de Koffer op ver- 
schiddene Plazen oxidéiert. Jee no der Intensitéit vun 
der Flam an der chemescher Behandlung am Schrëtt 
vu virdrun erginn sech divers Faarwen um Koffer. 
- An enger leschter Phase beaarbecht de Kënschtler 
d’Kofferblieder deelweis nach mat Bläistëftsfaarwen 
oder Encre de Chine, fir déi duerch d’Hëtzt vum Feier 
entstane Faarwnuancë nach méi ervirzehiewen. 
Den Arthur Unger ass net deen eenzegen Artist, fir 
deen d’Element vum Feier eng grouss Faszinatioun 
ausléist. 1961 huet de franséischen Artist Yves Klein 
zum Beispill seng berüümte Feier Biller geschaaft, 
andeems e probéiert huet d’Flam vu groussen 
industrielle Brenner ze kontrolléieren an domadder op 
déckem, deelweis mat Waasser beaarbechtem, Kartong 
ze “molen”. An Däitschland ass de wuel bekanntste 
“Feiermoler” den Otto Piene, Matbegrënner vun der 
Konschtbeweegung ZERO, dee schonn Enn vun de 
50er Joren ugefaangen huet mam Feier op der Toile ze 
experimentéieren. 
ECH SINN E „PEINTRE DE LA MATIÈRE“ 
D‘Technik vum Pyrochimiogramme huet dem Arthur 
Unger erlaabt op eng villfälteg Manéier mat der 
Interventioun vum Feier op der Matière vum Koffer
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.