7 02 ‘ 2022 museomag
KONSCHTARCHIV
zoustänneg fir de neien Dictionnaire zesumme mam
Jamie Armstrong an dem Departement Digitali-
séierung, Archiven a Bibliothéik vum Musée ze kreéie-
ren. D’Missioun vum neien Dictionnaire ass et all déi
kulturell Acteuren an Institutiounen ze ëmfaassen, déi
zu der Entwécklung vun der Konschtgeschicht oder
dem Konschtsecteur zu Lëtzebuerg bäigedroen hunn
(z.B. Kënschtler, Curateuren, Galeriebesëtzer, Konscht-
historiker asw., gebuer oder aktiv um nationalen
Territoire).
Als Pendant zum Luxemburger Autorenlexikon vum
Centre national de Littérature (CNL), informéiert den
zukünftegen Dictionnaire iwwert d’Liewen an d’Karriäre
vun dësen Acteuren. Als wëssenschaftlechen mee och
prakteschen Tool, zielt en dorop déi éischt Quell ze gi
fir jiddereen, deen eng Informatioun iwwert d’bildend
Konscht zu Lëtzebuerg sicht.
Den Dictionnaire gëtt als éischt digital verëffentlecht.
Dofir riicht sech eis Opmierksamkeet an enger éischter
Phas op d’Entwécklung vun enger neier Datebank wéi
enger digitaler Plattform.
Als Basis fir déi biografesch Recherchen déngt eis
ënnert anerem d’Archiv vum Lambert Herr, dat den
MNHA zanter 2019 opgeholl huet. Doranner be-
fannen sech haaptsächlech Zeitungsartikelen an Aus-
stellungsaluedungen aus dem 20. Joerhonnert, déi
de Lëtzebuerger wärend 30 Joer gesammelt huet.
D’Publikatiounen Anthologie des Arts au Luxembourg a
Signatures, portraits et autoportraits: Artistes plasticiens
au Luxembourg sinn 1992, respektiv 2001, dorausser
entstanen.
Mat Hëllef vun den Archiven déi an Zukunft opgeholl
solle ginn, ass et ausserdeem d’Zil vum Dictionnaire
den aktuelle Konschtsecteur ze spigelen an d’Fuer-
schung un der Lëtzebuerger Konschtgeschicht weider-
zebréngen. Mir freeën eis op all déi konscht-
historesch Informatiounen déi bis elo nach gréissten-
deels zerstreet leien a soen Iech bis zum fäerdegen
Opbau Merci fir Är Gedold. Fir méi Informatioune
weise mir op de “Règlement grand-ducal du 3
décembre 2021 portant création d’un Centre de
documentation sur les arts plastiques dénommé
«Lëtzebuerger Konschtarchiv» auprès du Musée
national d’histoire et d’art” hin.
Jamie Armstrong a Malgorzata Nowara
https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2021/ 12/03/a862/jo