29 02 ‘ 2021 museomag
diffuséiert ze ginn. Niewent de Videotutorials an der
Präsentatioun vun de verschiddene kulturellen Haiser,
huet eng live Videokonferenzschaltung mat enger Me-
diatrice aus dem Dikrecher Musée fir den neidegen
Encadrement à distance gesuergt. Dëst huet erlaabt
trotzdeem e klengen Echange mat de Schüler
ze hunn an hinnen niewent den Erklärungen op de
Videoen nach weider Informatiounen iwwert déi ver-
schidde Muséeën, hir Missiounen an hir Aktivitéiten ze
ginn an op eventuell Froen ze äntweren. Déi praktesch
Ëmsetzung vun de virgestallte Bastelaktivitéite konnten
d’Schüler dann duerno an aller Rou an hirem Klassesall
an Ugrëff huelen.
EN DROCK AM ZEECHE VUN DER LÉIFT
An der Sammlung vum MNHA fënnt sech villes, wat
sech mam Thema Léift associéiere léisst. Dohier war
et guer net mol esou einfach e Choix ze treffen. Ma
déi aktuell Ausstellung zu de Lëtzebuerger Gravures-
aarbechten, bei där d’Representatioun vun der
mënschlecher Kierperform an den Emotiounen am
Fokus steet, huet sech an deem Kontext immens gutt
ugebueden fir en praktesche Workshop ronderëm
HAND AN HAND
auszeschaffen. D’Technik mat där d’Aarbecht ëmgesat
sollt ginn war domat och méi wéi evident: mat dem
néidege Material, dat d’Equipe vum MNHA hinnen
zur Verfügung gestalt hat, war den Déifdrock fir
d‘Schoulklasse relativ einfach ëmzesetzen. D’Legend
vum Leda an dem Schwan, déi hiren Ursprong an der
griichescher Mythologie huet an op déi déi an der
Figure in Print Expo ausgestallte Sérigraphie vum
Fernand Bertemes (*1964) uspillt, huet d’Matière fir eng
léif Geschicht geliwwert. 7 Klasse mat 115 Schüler aus
dem Cycle 4 konnten dunn mat Hëllef vun Styrodur-
placken, Linosfuerw an Faarwrouleauen en Déifdrock
vun zwee Schwane maachen. Passend zu Vältesdag
konnten si an engem Pabeierhäerz, dat mat enger ein-
facher Faaltechnik schnell gebastelt war, och e léiwe
perséinleche Message verstoppen.
Michèle Platt
D‘Nadina Faljic bei der Virbereedung vum Drockmotiv, dat sech
un engem Wierk aus eiser Figure in Print-Ausstellung inspiréiert.