Full text: MuseoMag 2021_01

32 museomag   01 ‘ 2021 
Am Kader vun der Ausstellung iwwert Barockkonscht 
aus Florenz, déi nach bis den 21. Februar am MNHA 
ze gesinn ass, haten d’Schüler aus dem «Atelier Art 
et Musées» vun der ENAD d’Geleeënheet un engem 
flotten Zeechecours mam Kënschtler Pit Molling deel- 
zehuelen. De Pit Molling, jonken Artist vun deem den 
MNHA 2020 och e Wierk fir a seng Sammlung kaf huet, 
ass en Expert wat dat fräit Zeechnen ugeet an huet 
schonn d’„How to draw“-Workshops fir den erwuesse- 
ne Muséespublic encadréiert. Mat de Schüler vun der 
ENAD konnt hie säi Know-how a punkto figurativ Zeech- 
nen deelen a selwer spannend nei Erfarunge maachen. 
Bei enger éischter Visitt duerch d’Ausstellung sinn 
d’Schüler gewuer ginn, wéi wichteg eng Zeechnung 
och scho viru méi wéi 500 Joer war, zemools fir déi 
deemoleg Kënschtler aus Florenz. Bei den ausge- 
stallte Barocktabloe mat gréisstendeels biblesche 
Personnagen ass et an de meeschte Fäll eng Vir- 
zeechnung als Ausgangspunkt ginn, op där dann déi 
eigentlech Molerei opgebaut gouf. 
STEP BY STEP 
A fënnef Seancen huet de Pit Molling de Schüler 
d’Grondtechnike vum Zeechne mat op de Wee ginn. 
Zesummen hunn si sech Schrëtt fir Schrëtt un dat 
figürlecht Zeechnen erugewot, wat ëm villes méi 
usprochsvoll ass, wéi eng Nature Morte duerze- 
stellen. Den Ufank huet en Apel gemaach: hei ass et 
drëms gaangen, e Gefill fir d’Dimensiounen ze kréien 
an ze léieren, wéi ee mat Hëllef vu sengem Bläistëft 
d’Moossen an d’Proportioune vun engem Géigestand 
kann huelen an op d’Blat iwwerdroen. Mam Bläistëft, am 
rietse Wénkel virum Aen positionéiert, hunn si mat der 
Bläistëftsspëtzt an hirem Daum, déi hinnen als Repère 
gedéngt hunn, d’Breet, d’Déift an d’Distanzen tëscht 
verschidden Orientatiounspunkte vum Objet ermëttelt. 
Beim Zeechne vun engem Stéck Holz hunn d‘Partici- 
pants dann an engem zweete Schrëtt och hir Erfarung 
mat geometresche Forme gemaach a versicht de Verlaf 
vun de Linnen an de baussechte Konture mat der richte- 
ger Perspektiv op ze molen. Och hei huet de Bläistëft 
an zweeërlee Hisiicht eng wichteg Roll gespillt. Bei 
dësem Exercice gëllt, wat méi moossen, wat besser, sou 
de Pit Molling: „Iert ee mam fräien Zeechne richteg 
lassleeë kann, muss een als éischt e bëssi Theorie 
léieren, fir ze wësse wéi ee mam Bläistëft ëmgeet a 
wéi een d‘Moosse par Rapport zur Dimensioun, an 
zur Orientatioun vun engem Géigestand richteg hëlt. 
Wat dës Berechnunge méi exakt gemaach sinn, wat 
een sech duerno beim Zeechne méi Fräiheete ka ginn.“ 
MEET THE ARTIST 
DEN MNHA HUET SECH GEFREET, OCH DËST SCHOULJOER NEES E PROJET 
MAT DER ÉCOLE NATIONALE POUR ADULTES (ENAD) OP D’BEEN ZE SETZEN 
© 
éric 
chenal 
De Musée ass ëmmer nees beméit, gemeinsam mat de Schoulklassen an hiren Enseignanten nei Projeten op Mooss auszeschaffen: 
a fënnef Seancen huet de lëtzebuerger Artist Pit Molling de Schüler vun der ENAD d’Grondtechnike vum Zeechne mat op de Wee ginn.
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.