28 museomag 04 ‘ 2020
D’SCHOULKANNER SINN A BLÉIWEN E
GANZ WICHTEGE PUBLIC FIR DE MUSÉE
ABLÉCK AN DI JÄRLECH EDITIOUN VUM SCHOULPROGRAMM
Den MNHA an de Musée Dräi Eechelen empfänken all
Schouljoer ëm déi 15.000 Schüler op hire verschiddene
Siten. Wéi all Joers läit nom Schluss vun der Schoul-
saison am Juli och dës Kéier nees eng zentral Fro um
Dësch: wat fir e Programm kënne mir de Schoulklassen
ab dem kommende September ubidden? Gekuckt gëtt,
wéi eng Offeren am vergaangene Joer gutt ugeholl gi
sinn a wéi eng manner. Da gëtt och iwwerluet wat fir
Méiglechkeete mir als Musée hunn, nei Themen oder
alternativ Formater auszeschaffen fir de bestoende
Programm ze ergänzen.
All Saison gëtt versicht Variatioun an de Schoul-
programm eranzebréngen an sech un de Besoine vun
de Schüler an den Enseignanten ze orientéiere fir
dësem wichtege Public eng passend Offer kënnen
unzebidden an en beschtméiglech ze encadréieren.
Fir dat de Besuch am Musée net nëmme Spaass
mécht, mee och e wäertvollen Apport fir de Cour
ass, probéiert de Musée beim Ausschaffe vun neien
Aktivitéiten déi Matière opzegräifen, déi och an der
Klass thematiséiert gëtt. Dat d’Visitt am Musée kom-
plementar zum Unterrecht an der Schoul ass, ass be-
sonnesch fir déi méi héich Klassen e wichtege Critère.
Fir all Saison gëtt iwwerdeems och fir déi ënner-
schiddlech Sujete vun den temporären Ausstellungen,
déi iwwert dem Zäitraum vum neie Schouljoer ustinn,
Aktivitéite fir Schoulkanner aus verschiddenen Alters-
stufe konzipéiert. Dëst Joer läit de Schwéierpunkt vun
de kommenden Ausstellungen op der Konscht. Hei
sinn et Projeten iwwert barock Molerei, zäitgenëssesch
Fotografie a Lëtzebuerger Konscht, déi wäerten
thematiséiert ginn. Fir de Secondaire a ganz beson-
nesch fir Klassen, déi sech an enger handwierklecher
oder konschtorientéierter Ausbildung befannen,
bitt d’Ausstellung zu de Lëtzebuerger Gravuren
d‘Méiglechkeet fir flott praktesch Atelieren zum Thema
Drocktechnik ze besichen.
E GROUSSE BATZ AARBECHT
D’Opsetze vun engem neie Schoulprogramm fuerdert
all Saison vill Engagement, souwuel wat d’Konzipéiere
vun neien Offeren, d’Präparatioun vun der Broschür
wéi och d’Verschécke vum fäerdege Programm ugeet.
An Ofsprooch mat de Conservateuren an a Concerta-
tioun mat dem pedagogesche Personal vum Musée
ginn ëmmer nees nei Visitten an Atelieren ausgeschafft.
Heifir mussen net nëmmen déi ënnerschiddlech
Sujeten definéiert ginn, déi ëmmer déi an den Aus-
D’Opsetze vun engem neie Schoulprogramm fuerdert all Saison vill Engagement, souwuel wat d’Konzipéiere vun neien Offeren,
d’Präparatioun vun der Broschür wéi och d’Verschécke vum fäerdege Programm ugeet.
©
éric chenal