10 museomag 03 ‘ 2020
E VIRTUELLE GUIDAGE DUERCH
EIS AUSSTELLUNGEN
EN ALTERNATIVEN OUTIL FIR D’VISITEUREN ZE ENCADRÉIEREN
Obwuel eis Muséeë säit Mëtt Mee nees Public ënnert
verschidde Konditiounen empfänke kënnen, waren a
bleiwen d’Méiglechkeete vun engem Angebot un kul-
turellen Aktivitéiten nach ongewëss. An enger éischter
Phas vum Deconfinement war un geféiert Visitten oder
Konferenze guer net ze denken, engersäits wéinst den
Rassemblementsverbueter, anerersäits wéinst gesetz-
lechen Aschränkunge wat d’Organiséiere vun ëffent-
lechen Aktivitéiten ugeet. Och d’Fro vun der Ëmsetz-
barkeet vun Guidagen am Hibléck op déi streng sanitär
Mesurë stoung am Raum. Kloer war, dat eng traditio-
nell Visite guidée, esou wéi mir se virun der Coronakris
ugebueden hunn, duerch d‘Maskepflicht an d‘Oof-
standsreegelen an onmëttelbarer Zukunft net machbar
wäert sinn. Eng Alternativ zur klassescher Kulturver-
mëttlung, déi och ouni perséinleche Kontakt mat en-
gem Guide méiglech ass, war deemno néideg.
Vu dat eis Ausstellungsraim och scho wärend dem
Lockdown a Form vun 3D-Touren digital accessibel
waren, louch d‘Iddi, e weidere virtuelle Projet ze lan-
céieren, quasi op der Hand. Kuerz Videoopname mat
präzise Commentairen zum Ausstellungscontenu wie-
ren an enger éischter Phase vum Déconfinement eng
flott Méiglechkeet gewierscht fir déi geféiert Toure mat
Guiden ze ersetzen, soulaang dës net méiglech waren,
stellen awer och duerno eng komplementar Offer fir dee
Visiteur duer, dee léiwer op eege Fauscht duerch
d’Ausstellung geet.
Obwuel déi reell Visitte mat Guidage entretemps
nees erlaabt sinn, bidden d’Videotouren eng alternativ
Approche fir Hannergrondinformatiounen zu den Aus-
stellungsthemen ze liwweren an op verschidden Detailer
oder bestëmmten Ausstellungsobjeten opmierksam
ze maachen, ouni op de mënschleche Kontakt mat
Muséesmataarbechter zeréckgräifen ze mussen.
Déi kuerz Videoe vu jeeweils e puer Minutten ginn
an e puer Sproochen ugebueden an erlaben de Visi-
teuren sech an hirem individuelle Rhythmus duerch déi
eenzelen Ausstellungsraim ze beweegen an sech d‘In-
formatiounen häpperchersweis unzekucken. Mat Hëllef
vu QR Coden an de Säll, déi vun all handelsübleche
Smartphone oder Tablett kenne gescannt ginn, gëtt
de User op eng ëffentlech Publicatiounsplattform wéi
Youtube oder Vimeo weidergeleet. Mat deem System
kann all Visiteur selwer bestëmmen, wéini en déi
nächst Videosequenz wëll op sengem eegenen Apparat
Fir de Videoguidage vun der Ausstellung “Brushed by Light” vun der hollännescher Fotografin Carla van de Puttelaar, ass et d’Artistin
selwer, déi de Visiteur – virtuell – bei der Hand hëlt a mat him op Entdeckungsrees duerch déi eenzel Säll geet.
©
éric chenal