6 museomag 01 ‘ 2020
©
CHdN
AUSSERGEWÉINLECH PATIENTEN (2/2)
gewibbelt an net geotemt hunn. Fir eng Kéier hu mir net
missen op mënschlech Aspekter an op d’Stralendosis
Récksiicht huelen, mä mir konnten eis eenzeg an eleng
op d’Qualitéit vun de Biller konzentréieren, wat fir eis
eng eenzegaarteg Erfarung war.
Bis spéit an d´Nuecht era ware mir domadder beschäf-
tegt, all eenzelt Konschtwierk optimal ze analyséieren,
sou vill wéi méiglech Informatiounen ze sammelen an
d’Statuen duerno fir hir Heemrees erëm sécher anze-
paken.
ENG EEMOLEG ERFARUNG
Puer Deeg méi spéit hu mir eis op e Neits getraff. Déi
dausende vu Biller goufen traitéiert a verschafft, datt
eng ganz präzis Analys méiglech war. De spezifesch
medezineschen Dicom-Format ass an ee Jpeg-Format
ëmgewandelt a fir déi weider Aarbecht exportéiert ginn.
Zesummen hu mir d’Interpretatioun vun den Opname
gemaach fir souwuel vun den technesche Kenntnisser
iwwer d’Konschtwierker vun de Restaurateuren, wéi vun