4 museomag 01 ‘ 2020
AUSSERGEWÉINLECH PATIENTEN (1/2)
SKULPTURE VUM PEDRO DE MENA, DI AM JANUAR AM NATIONALMUSÉE
AUSGESTALLT GINN, GOUFEN AM SPIDOL ZU ETTELBRÉCK AM VIRFELD ËNNERSICHT
Munchmol kommen déi interessant Momenter op der
Aarbecht ganz onerwaart. Leschte Summer krute mir
d‘Ufro, ob den CHdN sech eng Collaboratioun mam
MNHA virstelle kéint: Spuenesch barock Skulpturen? Bei
eis an der Klinik? Um Röntgenapparat? D’ganz Röntgen-
ekipp war direkt hell begeeschtert: Do musse mer mat-
maachen! Doropshi koum technesch Ekipp vum Musée
an d‘Spidol fir eis de Projet méi am Detail ze presen-
téieren. Si wollten de Visiteure vum Fëschmaart de Bau
vu polychrome Statuë verständlech maachen. Mä wéi
de Support ënnert der Faarf weisen? Eng Röntgen war
hir Propose. An e Scanner, war eis Reaktioun op d’Kom-
plexitéit vun der Bannestruktur vun den Objeten.
Mir hunn eis schonns an eis Aventure projezéiert.
Awer d‘éischt war mam Generaldirekter vum CHdN
ze klären, ob an ënnert wéi enge Konditioune mir den
MNHA ënnerstëtze kéinten. Da stoung och d’Fro vun
der Ëffentlechkeetsaarbecht am Raum: Press oder net?
Mir waren eis bewosst datt net jiddereen Verständnis
dofir hätt. Ma de Sujet war sou interessant an ongewé-
inlech datt et derwäert wier, dëst no baussen ze kom-
munizéieren. Och war d’ganz Ekipp domadder avers-
tanen, benevol ze schaffen, zu engem Moment wou
mir keng programméiert Ennersichunge méi maachen.
Dat, fir souvill wéi méiglech Kriticken iwwert d’Benotze
vu medezineschen Apparater fir netgesondheetlech
Erfuerschung vun den Aarbechtsmethode vun engem spuenesche Bildhauer aus dem 17ten Joerhonnert mat oninvasive Methoden.
©
tom lucas