Full text: MuseoMag 2020_01

27 01 ‘ 2020   museomag 
SCHOOLTRIP 
GANZ ËNNERSCHIDDLECH   
VIRSTELLUNGEN 
Interessant war virun allem, wéi ënnerschiddlech 
d’Reaktiounen op d’Fro no méi Matsproocherecht an 
der nationaler Politik waren. Während déi eng Schüler 
eng méi niddereg Altersgrenz beim Wahlrecht éisch- 
ter ofleenen, wier et deenen anere wichteg, méi kenne 
bei Theme matzeschwätzen déi an eiser Gesellschaft 
diskutéiert ginn, a wënschen sech, dat hier Meenung 
méi eescht geholl sollt ginn. 
Dat dat allgemengt Wahlrecht keng Selbstverständ- 
lechkeet, mee en haart erkämpftent Recht ass, ass dee- 
ne meeschten awer spéitstens am Laf vun der Diskus- 
sioun kloer ginn. 
DENG MEENUNG INTERESSÉIERT EIS! 
De fënnefte Stack vum Musée, deen sech direkt iwwert 
der Ausstellung befënnt, ass am Sënn vun engem 
participative Beräich zum Thema Wahlen, Wahlrecht, 
Wahlkampagnen an alternativ politesch Participatioun 
amenagéiert ginn. Fir Gruppen – op am schouleschen 
oder am private Kader – ass zum Schluss vun der Auss- 
tellung en separate Raum entstanen, deen d’Méiglech- 
keet bitt, sech zur Thematik ze äusseren an de 
Jonken eng Surface bereet stellt fir hiere Point de 
vue ze präsentéieren. D’Resultater vun Diskussiouns- 
ronnen oder prakteschen Ateliere sollen esou mat an 
d’Ausstellung afléissen. 
Als Ofschloss vum Ausstellungsbesuch kann hei iwwe- 
regens och all individuelle Visiteur seng Meenung mat- 
deelen an seng Kommentairen op enger perseinlech 
Magnéitwand hannerloossen. 
Michèle Platt 
Mei Informatiounen zum pedagogesche 
Programm fannt Dir op www.mnha.lu
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.