26 museomag 01 ‘ 2020
DÉI JONK SCHWÄTZE MAT!
PEDAGOGESCH OFFER FIR SCHOULKLASSEN AM KADER VUN DER
WAHLRECHTSAUSSTELLUNG
©
éric
chenal
Am Kader vun der Ausstellung zum allgemenge
Wahlrecht, déi nach bis September ze gesinn ass,
bitt den MNHA e ganze Programm un Aktivitéite fir
Schoulklassen un. Wichteg ass et, déi Jonk fir Theme
wéi Demokratie a Matbestëmmung ze sensibiliséie-
ren a si dozou unzereegen sech hier eege Gedanken
doriwwer ze maache wat dat fir si perséinlech bedeit.
ENG GROUSS PEDAGOGESCH OFFER
D’Offer riicht sech virun allem u Lycéesschüler, et ginn
awer och Atelieren ugebuede fir d’fënneft an d’sechst
Schouljoer aus dem Fondamental. Nieft de méi
klasseschen Aktivitéiten – wéi de guidéierte Visitten
duerch d’Ausstellung oder engem prakteschen Atelier
– organiséiert de Musée zesumme mat der Ekipp vun
der Chamber och e Besuch vum Sëtzungssall an hire
Gebailechkeeten oder bitt de Jonken d’Méiglechkeet
an enger Debattéierronn hir Meenung zu engem The-
ma matdeelen ze kennen. Am Kader vu Projete kann
een sech als Grupp och méi intensiv mat Demokratie a
Wahlrecht ausernee setzen.
Déi lescht Méint hunn eng ganz Rei Schüler vun dëser
pedagogescher Offer profitéiert. An der salle plénière
vun der Chamber kruten si en Abléck an d’Fonction-
nement vum Parlament a konnten sech op de Bänke
Plaz huelen, wou soss d’Deputéiert hirer Aarbecht no-
ginn. Aner Klasse waren am MNHA op Besuch fir sech
d’Ausstellung unzekucken an sech iwwer d’Wahlrecht
an d’Wahlpflicht hei zu Lëtzebuerg auszetauschen.
SCHÜLERDEBAT AM MNHA –
DÉI JONK SOLLEN SECH MATDEELEN
No engem Tour duerch d’Expossäll hunn si zesummen
iwwert d’Méiglechkeeten debattéiert, déi hinnen als
mannerjäreg Staatsbierger zur Verfügung stinn, fir un
ëffentlechen Diskussiounen Deel ze huelen, ouni duer-
fen eng Stëmm op en offizielle Wahlziedel ze setzen.
An enger entspaanter Ronn ass beschwat ginn, wéi
een sech aktiv an aktuell politesch oder gesellschaft-
lech Diskussiounen abrénge kann. D‘„Fridays for Fu-
ture“ Demonstratiounen, déi an de leschte Méint bei de
Jonken e grousst Thema waren an och an der Ausstel-
lung ënnert dem Aspekt vun ausserparlamentarescher
Participatioun opgegraff gi sinn, ware just eng vun den
Alternativen fir sengen Iddie Gehéier ze verschafen, déi
an den Debat mat agefloss sinn. An deem Zesummen-
hang ass ënner anerem och diskutéiert ginn, fir wat fir
eng Zieler d‘Schüler sech gäre géingen engagéieren.
Bei der Fro no méi Matsproochrecht an der nationaler Politik waren d’Schüler sech net all ganz eenz.