Full text: MuseoMag 2020_01

12 museomag   01 ‘ 2020 
„FIR MECH ASS ET WICHTEG MAT 
DE LEIT OP DEN TERRAIN ZE GOEN“ 
AM GESPRÉICH MAM ROBERT L. PHILIPPART, E.A. PRÄSIDENT VUN DER SOCIÉTÉ   
LUXEMBOURGEOISE D‘HISTOIRE URBAINE 
© 
éric 
chenal 
INTERVIEW 
De Visites guidées-Programm „Promenades archi- 
tecturales du dimanche”, organiséiert vum M3E 
an Zesummenaarbecht mat der Société Luxem- 
bourgeoise d’Histoire Urbaine, geet elo a seng 10. 
Editioun. Mir hun dem Här Robert L. Philippart e 
puer Froen dozou gestallt. 
Dir maacht elo scho laang Visitte fir den M3E, zanter 
wéini besteet dës Zesummenaarbecht a wéi koum 
se zustan ? 
Dës Zesummenaarbecht huet 2009 ugefaang a féiert 
op d’Iddi fir eng Ausstellung am Musée Dräi Eechelen 
iwwert den Démantèlement vun der Festung zeréck. 
Fir mech ass et wichteg mat de Leit op den Terrain ze 
goen, fir ze gesinn wéi eng Stad sech entwéckelt, an ze 
verstoen firwat se sech esou verännert. 
Wéi gëtt de villfältege Programm ausgeschafft ? 
All Joer sëtzen déi Responsabel vum M3E, Dir an ech eis 
zesumme fir Bilan ze zéien, wat fir Visiten de meeschten 
Intressi fannen. Gekuckt gëtt och wat fir Ausstellungen 
am M3E geplangt sinn a wat fir eng nei Visitten dozou 
passen. All Visitt ass nëmmen ee Mol d’Joer, dat nächst 
Joer gëtt se an enger anerer Sprooch widderholl. All 
Joer kommen dräi nei Visiten dobäi, an dräi ginn der 
aus dem Programm geholl, sou datt mer bei eng Visitt 
pro Mount bleiwen. 
Wat ass d’Plus-value fir mat enger Institutioun wéi 
dem M3E zesummen ze schaffen ? 
Als Dokter an der Geschicht ass et mir wichteg mam 
M3E zesummenzeschaffen, well ech esou engem 
héich intresséierten a motivéierte Public kann d’In- 
formatiounen vu menge Recherchen direkt vermët- 
telen. Ech sinn a Kontakt mat Leit déi meng Pas- 
sioun vun der Geschicht vun onser Stad deelen. 
Et huelen ëmmer vill Leit un de Visitten deel. Ass de 
Public éischter gemëscht oder schwätzt Dir gären e 
bestëmmte Public un ? 
Déi Leit déi mat ginn hunn all en commun den Interêt 
vun der Geschicht vun onser Stad. Hinnen all geet et 
drëm fir ze verstoen wéi de Changement am städtesche 
Raum fonctionnéiert. De Public ass deemno gemëscht, 
Robert L. Philippart: „Eng Stad ass en organeschen Tissu dee sech ëmmer nees erneiert.”
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.