Full text: MuseoMag 2019_04

28 museomag   04 ‘ 2019 
Wéi lescht Joers huet de Musée Dräi Eechelen och 
dës Kéier um Programm vun de Schoulausflich, 
déi reegelméisseg vun der CFL organiséiert ginn, 
matgewierkt. 
Fir déi zweet Kéier huet de Musée an deem Kader 
Schoulklassen aus dem ganze Land empfaangen, déi 
un der Entdeckungsrees an d’Vergaangenheet vun der 
Festung deelgeholl hunn. Virun der grousser Vakanz 
waren d’Kanner aus der Primärschoul zu Zolwer op Be- 
such am Dräi Eechelen. 
Si si schonns bei hirer Arrivée um Funiculaire um 
Kierchbierg schéin an Empfang geholl ginn – a voller 
Montur stoungen déi historesch gekleeten Zaldote 
bereet fir si am Tratt a Richtung Festungsmusée ze 
begleeden. 
E SCHOSS MAT BLANNER MUNITIOUN 
Wärend déi eng op eng Schnitzeljuegd duerch d’Alen- 
toure vun der Festung goungen, konnten déi aner am 
Fort Thüngen den Alldag vun engem Festungszaldot 
aus napoleonescher Zäit kenneléieren. Op der Terrass 
um Daach vum Musée hunn d’Acteure vum Cercle 
d’histoire vivante Militäruniformen, Geschir a Mate- 
rial gewisen, déi d’Zaldote vun deemools bei hirer 
alldeeglecher Arabescht gebraucht hunn. Nodeems si 
erkläert krute wéi een d’Gewier an d’Schwaarzpolver 
huet misse preparéieren iert et asazbereet war, konnten 
d‘Schüler souguer e Schoss mat blanner Munitioun aus 
engem Gewier materliewen. 
Virun der Dir vum Musée huet de Rallyeparcours 
déi Jonk duerch déi baulech Iwwerreschter vun de 
fréiere Festungsmauere gefouert, wou si Bastiounen, 
Schéissschächt, Grenzsteng an ënnerierdesch Ga- 
lerien entdecke konnten. Zil vum Parcours war et op 
ënnerschiddleche Statiounen Indizien ze sammele fir 
zum Schluss e Léisungswuert zesummenzesetzen. De 
Grupp huet missen op verschidde Platzen no klenge 
Këschte sichen, déi gutt verstoppt tëscht den ale 
stenge Mauere louchen. Op all Statioun hunn si Auf- 
gaben ze léisen a Froen ze beäntwerte kritt. Nodeems 
déi Jonk begeeschtert – an och mat vill Erfolleg – no 
de Këschten an no dem Léisungswuert gesicht haten, 
haten si sech hier Belounung gutt verdéngt: an der 
leschter Stopp hunn Bonge fir eng gutt Wafel gewaart, 
déi si och zum Schluss vum Nomëtteg am Musée aléise 
konnten. 
MP 
SCHOOLTRIP 
© 
fränk scholtes
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.