17 01 ‘ 2019 museomag
SCHOOL TRIP
Op engem groussen Deel vun de Medailen, Gravuren a
Bicher aus der Renaissance Zäit, déi an der Ausstellung
„Amis/Ennemis. Mansfeld et le revers de la médaille“
gewise ginn, sinn Aussoen op Latäin verstoppt. De
Pierre Assenmaker, Professer op der Uni zu Namur,
huet versicht seng Leidenschaft fir des al Sprooch un
d‘Lycéesschüler weider ze ginn, déi am Dezember
de Festungsmusée besicht hunn. D’Schüler
di op 6e, 5e an 4e am Kolléisch (Athenée de Luxem-
bourg), an op 3e am Lycée des Arts et Métiers
mat der Madame Lydia Keilen Latäin léieren, si
bei hirer Visitt selwer gefuerdert ginn an hu misse
matschaffe fir verschidden Aufgaben ze léisen.
No enger kuerzer theoretescher Aféierung an d’The-
matik an den historesche Kontext vun der Ausstellung,
sinn d‘Latäinkenntnisser vun de Schüler a Form vun
engem „jeu de piste“ gefuerdert ginn. A Gruppen-
aarbecht hunn déi Jonk missen d’Objeten, déi ausge-
stallt sinn, e bëssi méi genau ënnert d‘Lupp huelen an
déi verschidde laténgesch Inscriptiounen erëmfannen.
Equipéiert mat engem Froebou hunn d’Lycéesschüler
dunn begeeschtert no den Äntwerte gesicht a probéiert
d’Texter op de Medailen ze entzifferen.
Bei dëser Aktivitéit ennert dem Titel Devises et
légendes latines sinn si vill spannend Detailer vum
Pierre Assenmaker gewuer ginn, deen sou munches
iwwert d’Subtilitéite bei de verschiddenen Duerstellun-
gen op de Medailen ze ziele wousst a ganz konkret
op déi fir d’Renaissance typesch Verweiser op
déi griichesch Mythologie oder de Prestige vun de
Réimesche Keeser opmierksam gemaach huet.
„D’VISITT WAR GUTT OPGEBAUT A GANZ
INTRESSANT“
„ET WAR FLOTT D’MEDAILE KËNNEN AM
DETAIL ZE ËNNERSICHEN A MÉI IWWERT DEN
HISTORESCHE KONTEXT RONDERËM GEWUER
ZE GINN“
“ET HUET MIR GEFALL DAT MIR ALL KONNTEN
AKTIV MATSCHAFFEN A MIR SOUVILL
ERKLÄRUNGEN ZU DEN EENZELE MEDAILE
KRUTEN”
Dës Offer, bei där déi Jonk kënnen engagéiert matschaf-
fen a selwer hiert Wëssen testen, soll och an d’Zukunft
fir d’Schüler aus Latäinsklassen ugebuede ginn, fir
hinnen d’Méiglechkeet ze ginn och e méi praktesche
Bezuch zur laténgescher Sprooch ze kréien.
Méi Infoen per Mail: servicedespublics@mnha.etat.lu.
Michèle Platt