9 02 ‘ 2018 museomag
Op verschidde Plaze gi Sondage gemaach oder kleng
Prouwe geholl, fir ze kucke wat ënnendrënner zum
Virschäi kënnt. Och gëtt am Virfeld getest, wéi d’Toile
an d’Faarfschicht sech verhalen.
Eréischt dono ginn déi éischt Couche vum Vernis
oder den Iwwermolunge mat engem Léisungsmëttel
ofgedroen oder, bei méi delikate Stellen, ënnert dem
Mikroskop virsiichteg mam Skalpell erofgekraazt.
Bedeit Restauréieren dann net och Zerstéieren?
D’Aarbecht vum “Entrestauréieren” ass kloer destruktiv,
déi ewechgebotzten Iwwermolungen sinn duerno
onwidderruflech verluer. Dofir ass et sou wichteg, datt
alles dokumentéiert gëtt an déi verschidden Etappe vun
der Restauratioun mat Fotoe beluecht ginn. D’Ofdroe
vu Retuschen an Ajouten, déi och en Deel vun der
Geschicht vun engem Wierk sinn, geschéien ëmmer an
Ofsprooch mam Conservateur oder mam Propriétaire
vum Wierk.
Restauréieren heescht awer net Verschéinerung
oder Verfälschung!
D’Aarbecht geschitt ëmmer am Respekt virum Original
an déi nei Retusche musse souwuel erkennbar wéi och
reversibel sinn.
Michèle Platt
INTERVIEW
Dësen Atelier Kuck de Koekkoek gëtt bis de 17.
August all Mëttwoch a Freiden animéiert, Moies
tëschent 10 an 12 Auer a Mëttes tëschent 14 an 17
Auer. Gruppeféierunge si méiglech op Nofro beim
Service des publics via
Mail: patrimoine@mnha.etat.lu
oder
Telefon 47.93.30-214.