Full text: MuseoMag 2018_02

31 02 ‘ 2018   museomag 
BUDDING 
ARTIST 
FAMILL NOTERMANS: «NOS DEUX FILLES 
SE SONT BEAUCOUP AMUSÉES ET ONT PU 
EXPRIMER LEUR CRÉATIVITÉ.» 
Am Atelier „Lumi’art“, dee mir reegelméisseg fir Familljen 
ubidden, geet et ëm méi ewéi just ëm d’Spill mat der 
Luucht an der Konscht. Grouss a Kleng kënne sech 
zesummen ameséieren, selwer aktiv ginn a sech selwer 
als Konschtwierk an Zeen setzen. 
D’Poséiere virun de Konschtwierker schaaft e neit 
Gefill fir d’Konscht a setzt d’Bild selwer an e ganz anert 
Liicht. Nieft den theatraleschen Aspekter gëtt awer och 
d’Kreativitéit an dësem Atelier grouss geschriwwen. Mat 
Hëllef vu Luucht, Faarwen a Forme gëtt experimentéiert 
fir en eenzegaartegt Bild ze projezéieren, dat all 
Famill ganz individuell gestalten oder souguer selwer 
d’Haaptroll dra spille kann. 
FAMILL CAVIGLIA: «L'ATELIER SENSIBILISE SUR 
L'EFFET DE LA LUMIÈRE, DES COULEURS ET DES 
TONALITÉS... ET CELA D'UNE MANIÈRE TRÈS 
LUDIQUE, À TRAVERS DE L'OBSERVATION DES 
ŒUVRES DU MUSÉE PUIS L'EXPÉRIMENTATION 
DANS L'ATELIER.» 
© 
svenja weber
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.