29 01 ‘ 2018 museomag
BUDDING
ARTIST
Och an dësem Schouljoër offréiert
den MNHA eng ganz Rei u Work-
shops a Féierungen fir d’Schüler aus
dem Fondamental, an néierdéngs
och fir Lycéesklassen.
Besonnesch begeeschtert sinn
d’Schoulkanner vun eisen Atelieren
an der archäologescher Sektioun.
Mat de spannende Visiten duerch
eis Kollektioune kënne si d‘Geschicht
hautno erliewen, vun der Steenzäit
bis an d’Mëttelalter.
Si entdecke spilleresch wéi
d’Mënschen aus der Virgeschicht
den Alldag gemeeschtert hunn an
experimentéiere selwer, wéi einfach
Géigestänn wéi Steng als Geschir
benotzt konnte ginn.
LAURA (10 JOER) „MIR HU GESINN
WÉI D‘MËNSCHEN AN HÜTTE
GELIEFT HUNN.“
JAN (10 JOER) „ECH HU VILL IWWERT D’EVO-
LUTIOUN VUN DE MËNSCHE BÄIGELÉIERT. AN
ECH WAR ERSTAUNT WÉI GROUSS D’KICHEN
AN DER STEENZÄIT WAR.“
EMMA (10 JOER) „ECH WEES ELO, WÉI SE FEIER
GEMAACH HUNN A WÉI DÉI VERSCHIDDE
MENSCHEN SECH ENTWÉCKELT HUNN.“
AMAURY (12 JOER) “ECH HU
GELÉIERT, DASS D’MËNSCHEN
AN DER STEENZÄIT GELIEWT
HUNN A PELZ ALS KLEEDER
UNHATEN.”
©
éric chenal