DUCHFABRIK ZU ESCH-SAUER
Schonn am 16. Joerhonnert gouf et
zu Esch-Sauer eng Weberzunft. 1807
riicht de Martin Schoetter-Greisch
eng Walkmaschinn an 10 Joer méi
spéit eng Spannmaschinn op. 1866
gëtt de Betrib vergréissert fir all
noutwenneg Aarbechtsschrëtt vun der
Duchproduktioun ze erméiglechen. 1975
mécht d’Duchfabrik hir Dieren zou mee
mat der Relance vun der Hierstellung vu
Wollproduiten kritt se rëm hir ursprénglech
Bestëmmung. Esou kënnen haut déi
restauréiert Maschinne besicht ginn déi
och nach reegelméisseg a Betrib sinn.
14.06 | 14:30-16:00 | LU
15.03 | 14:30-16:00 | FR
3 € (< 21 Joer gratis)
Op Umeldung
Start:
Maison du Parc
15, rue Lultzhausen
L-9650 Esch-Sauer
D’INDUSTRIEGESCHICHT VU WOLZ
D’Wëlzer Industriegeschicht geet zeréck
bis an d’16. Joerhonnert. Si betrëfft vill
ënnerschiddlech Handwierker, ënner
anerem Giewereien, wéi zum Beispill
d’Tannerie Idéal oder Lambert, déi nach
bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert Lieder
hiergestallt hunn. Och d’Duchfabricken
hunn eng grouss Roll gespillt, sou
goufen et 1833 schonn 100 Wiewereien.
1824 ass d’Brauerei Simon vum Gierwer
Georges Pauly gegrënnt ginn. Op dësem
Trëppeltour begi mer eis op d‘Spuere
vun der wirtschaftlecher an industrieller
Entwécklung vun enger vun de wichtegste
Stied vum Grand-Duché am 19. Joerhonnert.
27.09 | 14:30-16:30 | LU
8 € (< 21 Joer gratis)
Op Umeldung
Start:
Gare
Avenue de la Gare
L-9540 Wolz
Arrivée:
Musée national d’art brassicole
35, rue du Château
L-9516 Wolz
Außerhalb des Museums
ANMELDUNGEN ÜBER TELEFON ODER E-MAIL:
+352 47 93 30-214/-414 SERVICEDESPUBLICS@MNAHA.ETAT.LU