8
MuseoMag N°II 2025
Fotoen am 19. Joerhonnert typesche Carte de visite-Format sinn eng aussergewéinlech Quell a ginn de Militärs Gesiichter.
OP DE SPUERE VUM BUNDES-
KONTINGENT A JÄGERKORPS
Wéi d’Virbereedunge fir eng Ausstellung iwwert d’Urspréng vun der Lëtzebuerger Arméi
onerwaarten Dieren opgemaach hunn.
Eng historesch Ausstellung ze konzipéieren ass e
ganze Prozess dee meeschtens op eng änlech Aart
a Weis ugi gëtt. De Musée Dräi Eechelen huet sech
dës Kéier de Lëtzebuerger Bundeskontingent eraus-
gesicht. Dat war déi éischt Arméi vum Land, déi haut
wäitestgehend vergiess ass. Dobäi huet se virun
allem Spueren an der Lëtzebuerger Gesellschaft
hannerlooss.
D’Sich no potentiellen Objete fir an d’Austellung
fänkt als éischt mol bei der Sammlung vum Musée
un.
En immens wichtegen Don ass an e puer Etappen
déi lescht Joren an de Musée rakomm. Et handelt
sech ëm Fotoen, Dokumenter, Tableauen an aner
Objete vun der Stater Famill Munchen. De Louis-Al-
phonse Munchen ass ee vun eise Protagonisten
an der Ausstellung. Anhand vun enger Panoplie un
Objete kënne mer heen ëmmer erëm an de Kontext
sëtzen a souwuel seng militäresch Karriär wéi och
säi perséinleche Wee nozeechnen. Esou begleede
mer heen als jonken Erwuessenen an d‘hollännesch
Arméi, fannen heen erëm als Offizéier am Bundes-
kontingent deen tëscht Dikrech an Eechternach
pendelt, ginn Zeie vu senger Hochzäit mat der Barbe
Sophie Wolff an huelen Deel u senger Trauer wou
seng Fra an zwee vu senge Kanner 1866 un der Cho-
lera stierwen. Hee verkierpert dës Zäit wéi keen aner
a vereent duerch dës aussergewéinlech Témoignage
souwuel de militäreschen wéi och de gesellschaft-
lechen Aspekt.
DE WÄERTVOLLE FONG VUM
HERALDIKER LOUIS WIRION
Am Nationalarchiv hu mer eis intensiv duerch eng 60
Liasse gewullt déi esou räich un Informatioune
waren, datt mer mol en Inventaire ugeluecht hu
fir dono méi einfach kënnen d‘Sélectioun vun den
Dokumenter ze maachen. Ee Fong ass besonnesch
räich an zwar dee vum Heraldiker Louis Wirion (1907-
1961), dee sech och fir Uniformen an Arméi interes-
séiert huet. A senger Sammlung ginn et e ganze
Koup Originaler a Kopie vu Fotoe mat Portraite vun
Offizéier aus dem Bundeskontingent an doriwwer
eraus. Zesumme mat deenen aus der Musées-
Sammlung si si elo en uniquen Ensembel deen den
Zaldoten e Gesiicht gëtt. Vill vun hinnen hu mer am
©
éric chenal