Full text: MuseoMag 2024_03

12 
MuseoMag   N°III 2024 
© 
éric 
chenal 
Liliana Francisco: „Mir sinn Deel vu Lëtzebuerg, mee mir sinn awer och Deel vun enger spezifescher Communautéit zu 
Lëtzebuerg.“ 
HYBRID IDENTITÉITEN, PERSÉINLECH 
FRÄIHEET AN „GENERATIONAL TRAUMA“ 
De Steven Cruz an d’Liliana Francisco am Gespréich 
Am Kader vun der historescher Ausstellung 
La révolution de 1974. Des rues de Lisbonne 
au Luxembourg huet den Nationalmusée um 
Fëschmaart d’Kënschtler Steven Cruz a Liliana 
Francisco invitéiert, sech am Programm ronderëm 
d’Ausstellung ze bedeelegen. Iwwer déi nächst 
Méint proposéiere se notamment verschidden 
Atelieren a Visite-guidéeën an hunn en illustréiert 
Begleetheft fir d’Ausstellung entwéckelt. Mir 
hunn eis getraff fir iwwert d’Zesummenaarbecht 
mam Musée an hire perséinleche Background ze 
schwätzen. 
Dir sidd jo ganz involvéiert an eiser Ausstellung 
iwwert d’Nelkenrevolutioun, déi mir aus enger 
Lëtzebuerger Perspektiv ënnersichen. Firwat fillt 
dir iech ugeschwat vun dësem Sujet? Wat ass 
äre perséinleche Lien mat dësem Kapitel vun der 
Geschicht? 
Steven: Fir mech ass et ëmmer wichteg wann 
d’portugisesch Communautéit zu Lëtzebuerg 
ugeschwat gëtt, zumools am Kader vun enger Expo 
an zumools well et ëm de 25. Abrëll geet. Dat ass jo 
de Grond firwat esou vill Portugisen op Lëtzebuerg 
komm sinn. Ech si ganz vill gewuer gi vu Saachen, 
déi ech net wosst. Ëmsou méi fannen ech et wichteg, 
datt déi Saachen an der Ëffentlechkeet gewise ginn. 
Et gëtt nach ëmmer e ganz grousse Stigma mat Por- 
tugisen zu Lëtzebuerg, si ginn nach vill diskriminéiert 
an net wierklech unerkannt fir dat, wat si sinn. Ge- 
nerell fannen ech, datt Portugisen ëmmer e bësse 
verklengert ginn. Duerch d’Expo kann ee verstoe 
firwat si esou gesi ginn. Et ass mega wichteg, datt 
d’Xenophobie, déi d’Portugisen erliewen, ugeschwat 
gëtt. Domadder kann ech mech befaassen, well ech 
selwer Portugis sinn a meng Eltere jo deemools an 
där Zäit heihinner komm sinn. 
Liliana: Ech gesinn dat och esou wéi de Steven. 
Ech hu jo och de portugiseschen Heritage. Mir sinn 
Deel vu Lëtzebuerg, mee mir sinn awer och Deel vun 
enger spezifescher Communautéit zu Lëtzebuerg. Et
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.