34 museomag 03 ‘ 2017
spannung pur beim montage
«portugal – drawing the world» ass bis den 15. oKtober 2017 ze gesinn
Beim Ariichten ass den Procédé fir all Objet deen selwechten: nom Constat d’état vun der Këscht gëtt se opgemaach, den Objet vun
sengem Emballage befreit an a Rou vun den Experte ënnert d’Lupp geholl.
©
éric
chenal
Nodeems di éischt Kontakter tëschent den ver-
schiddenen Institutiounen, déi un dëser Ausstellung
matwierken, schons Joren virum Vernissage geknäppt
goufen, ass di zweet Halschent 2016 «die heiße Phase»
vun der Organisatioun agelaut ginn: d’Lëscht mam
definitiven Choix vun all den Objete gouf finaliséiert,
d’Szénographie huet de leschten Schlëff kritt, d’Vitrinnen
goufen ausgewielt, d’Klimakonditiounen sinn en place
gesat ginn, d’Assurancen ugefrot an d‘Contrats de prêt
vun den 23 Prêteuren ënnerschriwwen. An och un déi
méi «profan» a pragmatesch Elementer huet missten
geduecht ginn, wéi Transportkëschten bauën loossen
an den eigentlechen Transport vun den 133 Objete op
Lëtzebuerg organiséieren.
Ët huet een d’Zäit net gesinn vergoen, an Ufanks Abrëll
2017 war den groussen Dag dann do, un deem den
Camion no enger laanger Rees virum MNHA bäigefuer
ass. Nodeems di sëllechen Këschten ausgelueden an
strategesch bei di passend Vitrinnen placéiert goufen,
goung den eigentlechen Ausstellungsopbau un: mir
hun fir dësen Montage an zwou Equippen geschafft,
mat jeeweils zwee Kuréier aus Portugal (déi d’Objete
och begleet haten), engem Commissaire d’exposition
aus dem MNHA, zwee Restaurateuren an natierlech
d‘Handwierker an d‘«gutt Séilen» aus dem MNHA,
bei deenen een weess, dass all Handgrëff sëtzt.
De Montage vun enger Ausstellung ass ëmmer eng
ganz spannend – wann net esou guer déi spannendst
– Étape: meeschtens haat een nët d’Chance, virdrun
di sëllechen Objete en live ze gesin, daat heescht, ët
huet een esou laang, Dag fir Dag, just matt Fotoën an
Moosugaben geschafft. De Moment vun der Wouerecht
ass also komm, wann d’Këschten opgemaach gin, an
dann stellt een sech nët nëmmen eng Kéier d’Froën:
«Soll deen Objet dann wierklech an déi virgesin Vitrinn
erapassen?», «Gesäit déi Kompositioun vun Objete
visuell esou aus, wéi mir eis dat virgestallt hun?»…
Beim Ariichten ass den Procedé fir all Objet deen
selwechten: nom Constat d’état vun der Këscht gëtt
se opgemaach, den Objet vun sengem Emballage
befreit an a Rou vun den Experte ënnert d’Lupp
geholl. Den Zoustand vum Objet gëtt och an engem
Constat d’état festgehalen – esou kann een all
Variatioun direkt novollzéien. An dëser Ausstellung
sinn eng sëllechen Objete aus kriddelegen Materialien
unzetreffen, ewéi Elfebeen oder lackéiert Holz, déi
bei Klimaschwankungen kënnen reagéieren, an deem
misst dann natierlech entgéint gewierkt ginn. An enger
leschter Phase gëtt den Objet virsiichteg a seng Vitrinn
oder op säin Sockel positionéiert an eventuell fixéiert.