28 museomag 01 ‘ 2022
Ufanks 2022 kréien déi véier Biller, déi an dësem participativen Workshop mam Kënschtler Robert Brandy entstan sinn, och hir Bün
am MNHA.
ENG NEI ERFARUNG FIR JIDDEREEN
«OSEZ LE GESTE»: E WORKSHOP MAM LËTZEBUERGER ARTIST ROBERT BRANDY
All Kënschtler huet seng Technik, seng Routine, seng
Virgoensweis. De Robert Brandy, Lëtzebuerger Artist
säit iwwert 50 Joer, deelt seng perséinlech Approche an
Expertise zu der Entsteeung vu senge Konschtwierker.
Zesumme mam Muriel Prieur, der Chef-Restauratrice
vum Musée, huet de Brandy op e Workshop age-
lueden, bei deem am ganz klenge Krees an Zesummen-
aarbecht e gemeinsaamt Konschtwierk entstoe soll.
Eng nei Erfarung fir de Kënschtler, fir d’Leit déi um
Workshop deelhuelen, an och fir de Musée, deen en
Atelier an deem Format och nach net ugebueden hat.
Besonnesch awer fir d’Participantë war et eng eemoleg
Experienz, mat engem Kënschtler an anere bis
dohi hondsfrieme Leit kreativ zesummenzeschaffen.
Geschafft gouf net op engem Dësch an net op
enger Staffelei, mee um Buedem! Eng virbereeten Toile
vun 1,50 op 2 Meter, déi de Brandy am Virfeld mat
Schankeläim an engem liichten Ecru-Toun traitéiert
huet, fir datt se net grad esou wäiss a plakeg ass,
läit de flaache Wee um Buedem. D’Participantë vum
Workshop stinn am Krees ronderëm, zesumme mam
Brandy a mam Muriel, déi kuerz erläutere wéi et elo
virugeet.
DEN ÉISCHTE GESTE
„Op enger eideler Toile unzefänke mat molen, ass dat
schwieregst – et muss een sech trauen den éischte
Geste ze maachen.“ Fir de Participanten d’Schei ze
huelen, bréngt de Brandy den éischte Pinselstréch op
d’Toile. Mat engem kräftege Geste an där Faarf, déi
hien zesumme mat de Participanten ausgewielt huet,
bréngt hie Liewen op d’Leinwand. „Elo ass et un Iech“
ermontert den Artist d’Leit déi ronderëm d’Toile stinn
an sech ëmmer nach net richteg eruwoen: „et duerf ee
keng Angscht hunn – einfach drop lass.“
Obwuel d’Muriel jiddereen encouragéiert de Pinsel
an de Grapp ze huelen, erkläert hatt, datt de But net
ass, datt à Tour de Rôle jiddereen seng eege Virstellung
op d’Toile bréngt, mee datt en Echange am Grupp do
ass, dat driwwer diskutéiert gëtt wéi eng Faarf op wéi
enger Plaz gutt géing maachen an dann an Zesumme-
naarbecht ee gemeinsaamt Wierk erschafe gëtt.
SCHRËTT FIR SCHRËTT
HËLT ET FORM UN
Nodeems jiddereen emol op der Toile geschafft huet a
schonn eng ganz Rei u Faarwen a Formen drop ze gesi
©
tom lucas