23 01 ‘ 2021 museomag
INVENTAR
geschlummert huet, ouni wëssenschaftlech „gestéiert“
ze ginn. Ausser direkt e puer Plënneraktiounen, déi
d‘Stengfragmenter hu missten iwwert sech ergoe
loossen, an eng sommaire Inventorisatioun an den
1960er an 70er, si se an hirer Globalitéit net wei-
der behandelt ginn. Just d’Spëtzt vum Äisbierg
war an enger Publikatioun vum Eugénie Wilhelm
ugangs de 70er verëffentlecht ginn.
Point de Départ vun deem Ganze sinn also
circa 50 Grillage-Boxen vun 1,25 m x 0,85 m, all méi
ewéi randvoll gefëllt mat Stengfragmenter vun allen
Dimensiounen, alle Gewiichter a ganz verschiddene
Provenancen. Si sinn an engem Héichregal ënner-
bruecht, dat 70 Gitterboxen ophuele kann.
ET ASS MAT DE JOERZÉNGTE
VILL VERMËSCHT GINN
Well op de meeschte Boxen eng Provenance stoung,
hätt ee kéinten dovun ausgoen, dass et einfach a
séier gedoe wier, well déi grouss Ensembele schonns
géifen zesumme leien. Et ass awer seelen dat dran,
wat och drop steet, an Test-Sondagen an 3 Boxen hunn
den ufängleche Verdacht bestätegt: et ass mat de Joer-
zéngte vill vermëscht ginn, esou dass een net seelen
bis zu 6 verschidde Provenancen an enger Gitter-
box zesummen huet. Déi sëllege Plënneraktiounen
waren doru wuel sécherlech net ganz onschëlleg…
D’Ärem ginn also eropgekrempelt an de Schluecht-
plang opgesat: d‘Aarbecht deelt sech an 3 Phasen
op, déi méi oder wéineger parallel zoueneen lafen:
1. d’Etüd vun all eenzelem Objet sur place
am Dépôt
2. d’Recherche-Aarbecht
3. d’Androe vun de Resultater an d’Base
de données vum MNHA
D’Zil vun deem Ganzen ass op der enger Säit eng
muséesgerecht Conservatioun an e gudden Accès
op d’Objete, esou wéi op der anerer Säit d‘Etude,
d’Traçabilitéit an d’Numerisatioun. De Procédé gesäit
esou aus :
MANPOWER AN TECHNESCHE
GABELSTAPLER-KNOWHOW
1. Etapp – All Gitterbox gëtt komplett eidel gemaach,
gebotzt an uerdentlech ausgekleet, ier dann en En-
sembel vu Stengfragmenter vun enger gemeinsamer
Provenance erëm installéiert gëtt. Aus Conservatiouns-
grënn ginn d’Steng niewenteneen an net méi openee
geluecht. Dat erméiglecht och, all Steen bei Bedarf
mat just e puer Handgrëffer accessibel ze hunn,
andeems een net muss eng sëllegen aner Fragmenter
fir d’éischt ewechraumen, fir un den eigentlechen
Objet ze kommen. No der Installatioun kënnt d’Etüd: all
Stengfragment gëtt entstëbst (soss wiere verschidden
Inventairesnummere guer net ze erkennen), gewien,
opgemooss a fotograféiert. D’Inventairesnummer gëtt
kontrolléiert a ggf. frësch markéiert.
D’Material, also d’Gestengszort, gëtt definéiert an
den Objet gëtt beschriwwen. Als lescht gëtt den de-
finitiven Emplacement an der definitiver Sektioun
festgehalen. Wärend dëser Aarbecht ass schonns
e puer Mol virkomm, dass ech tëschent dësen Hon-
nerte vun Objeten e puer Fragmenter fonnt hunn, déi
zesumme gehéieren an u sech ee Ganzt forméieren.
Dës Objeten ginn dann och erëm zesummegeféiert an
an eng gemeinsam Box geluecht. All dës recoltéiert
Donnéeë ginn op der Fiche d’inventaire vum jeeweile-
gen Objet agedroen. Eng Käertchen mat der Inven-
tairesnummer gëtt ëm all Fragment gestréckt, dass
een d‘Nummer op den 1. Bléck erkenne kann. Et muss