34
MuseoMag N°IV 2024
©
natalia
sanchez
De Schräiner Biver: “Wann Dir lo an d’Bett gitt, an Dir leet Iech… da weess ech net op Dir nach eng Kéier erwächt!”
“LEET IECH NIMOOLS AN D’BETT!”
Eng Taass Téi mam… Schräiner Biver
Ech hu mech schonn oft gefrot wéi dat wier en
direkten Abléck an d’Geschicht ze kréien, einfach
d’Leit aus der Zäit froen ze kënnen a sech net just
op Bicher an Artikele bezéien ze mussen. Genau
déi Éier hat ech dëse Summer: en direkten a ganz
éierlechen Interview mam Schräiner Biver bei
enger Taass Téi.
Gudde Moie Schräiner Biver! Ech hunn Iech an
Ärem Schlof erwächt… dat deet mir fuerchtbar
leed… Wéi geet et Iech?
O jo, Donneschdes Mueres ass deen Dag wou ech
kann ausschlofen… Bon, ech hätt léiwer geschlof,
mee ech verkraaften et.
Mir hunn héieren, Dir hutt sou eng schéi
Melodiichen gesongen, ass dat e bestëmmte
Lidd, oder just dat wat Iech an de Kapp kënnt,
Moies fréi beim Fäerdegmaachen?
T‘ass bal ëmmer déi Nämmlecht… [laacht verleeën]
.. wann ech Pippi maache ginn, kënnt déi mir sou an
de Kapp. An dann huelen ech jo mäi Pottschamp do,
also pot de chambre, an da geheien ech deen zur
Fënster raus.
O! Ass dat da schonn engem op de Kapp gefall?
Nee, nee, nee, ech passe gutt op. Also Dir musst do
och oppassen. Dir hutt jo wuel schonn héiere vun
dem neie Gesetz? Wann een nëmmen eng Drëps
op d’Schong kritt, da kann een e Steen huelen