33
N°II 2024 MuseoMag
Ass dat fir dass Dir net zevill verweechlecht? Fir
eng gewëssen Häert ze hale fir är Turnéier, är
Feldzich…
Force m’est trop, dat seet jo alles!
Kënnt Dir eis och eppes iwwert Turnéier erzielen?
Jo ganz gären, dofir hunn ech se jo och mole gelooss.
Mir hu ganz vill Turnéieren zu Bréissel gemaach. Bon,
et ass jo lo bëssi eng Zäit wou mat all dem Polver a
sou sech d’Spillfeld staark wäert veränneren, sou-
dass d’Ritterwiesen sou lues ophale wäert. Awer
trotzdeem maache mir awer nach déi Turnéieren do,
dir kennt déi jo, déi mat de laange Lanzen…
D’Joute?
Jo jo, genau, sech mat de Lanze vum Päerd
rofstoussen… dat hunn ech nach gemaach, an dann
hu mir zu Bréissel riseg Schluechten inzenéiert, wou
Honnerte vu Leit géinteneen ugetruede sinn. Iwwer
zwee, dräi, véier Deeg, hu mir do gekämpft. Matt en-
ger grousser Mise-en-scène an Turnéier. Ech hat e
schlëmmen Accident bei der Joute: eng Lanz war
gebrach an dat ass d’Ursaach fir all déi Läinzeechen
hei a mengem Gesiicht. Ech kann Iech soen, ech
hunn där scho puer erwëscht. Mee, force m‘est trop!
Hutt Dir da méi Wonnen aus richtege Schluechten
oder aus Turnéier an inzenéierte Schluechte
gedroen?
Ech hunn zwar scho Wonnen aus Turnéier, mee déi
schlëmmst krut ech den 3. Oktober 1569 an der
Schluecht vu Moncontour. Do hunn ech souguer fir
de franséische Kinnek gekämpft – ech hu jo soss
ëmmer géingt hie gekämpft – awer hei war ech mat
him géingt déi franséisch Hugenotten. Ech war eben
de Kommandant vun den Truppen, an do ass mäin
Aarm elle verwonnt ginn – dofir droen ech och déi
heite Montur [hie weist op säi lénken Aarm]. Mee wat
hat ech do eng Chance dass do en Dokter war, dee
mech do rausgezunn a verfleegt huet… Force m’est
trop!
Force m’est trop… ass dat dann och de Grond
firwat Iech Är eegen Zäit net méi duergaangen
ass an Dir eng Zäitmaschinn entwéckelt hutt an
Dir Iech duerch d’Zäit gewot hutt?
Jo, dat war mat mengen Ingenieuren deemools. Wéi
gesot, an der Renaissance Zäit hat ech mäi Schlass
La Fontaine eben net just fir ze representéieren –
och wa mol Léit op Bréissel komm sinn – mee ech
hat och déi beschten Ingenieuren. Am héijen Alter
hat ech dunn d’Iddi eng Zäitmaschinn ze bauen, mee
ech hat ni geduecht, dass mir dat géinge packen.
Zwanzeg Joer huet dat gedauert. An 1604 hunn ech
meng éischt Aventuren domadder gemaach. An et
huet direkt geklappt!
Wat war dann Är éischt Aventure?
Ma an den Neolithikum! Deen huet mech ëmmer
begeeschtert. 5000 viru Christus!
Géingt Dir deen dann och als Är Liblingsperiod
bezeechnen oder wat ass Äert léifstent
Joerhonnert? 16. Joerhonnert, Äert Doheem, oder
awer léiwer d‘Réimer?
Obwuel mäin eegent Joerhonnert schonn ustren-
gend war, mat all de Kricher a Schluechten, dohinner
passen ech am Beschten. De Mansfeld gehéiert op
d’Schluechtfeld! Dat anert ass schonn interessant,
mee ech sinn nu mol e prince de la renaissance.
An deem Sënn soen ech Iech och villmools
Merci fir Är Zäit! An dass Dir nach vill spannend
Aventuren erlieft: May the force be with you!
Ma nee ech hunn dach d’Force – La force m’est trop !
[laacht häerzlech]
Wann och Dir lo Loscht krut de Mansfeld ganz
perséinlech ze erliewen a mat him duerch
d‘Zäitgeschicht ze reesen, da kënnt Dir dat hei am
Nationalmusée um Fëschmaart maachen.
Lisi Linster am Austausch mam Lex Gillen
als Peter Ernst von Mansfeld
Eng gratis Theaterféierung vu
„Mansfeld um Tour“ fënnt am Kader
vun de Luxembourg Museum Days
am Nationalmusée um Fëschmaart statt:
e Samschdeg 18. Mee um 11 Auer op Lëtzebuergesch. INTERVIEW