8 museomag 02 ‘ 2021
„ET RULLT!“ (2/2)
gesinn déi duebel Funktioun vum Interviewer an der
traditioneller Interviewfro. Wéi ech am Enn vum Dag
– wéi kee gekuckt huet – d’Dokumenter gefrot hunn
wéi si sech an hirer aktiver Roll gespiert hunn, soten si,
dass et ganz flott war an si frou iwwert hire méiglechen
Imagewiessel wieren. „Dat hätt ech ni geduecht,“ et
schéngt wéi wann de Brandy haart géing denken.
„Elo weess ech firwat ech all déi Joren déi ganz
Zeitungsartikelen an Ausstellungsaluedunge gesam-
melt hunn.“ En erzielt weider: „Dat hunn ech gemaach
säit ech 1972 fräischaffend gi sinn. All eenzelt Bild
hunn ech fotograféiert, all Artikel ausgeschnidden, all
Keefer opgeschriwwen.“ Datt seng Dokumentesamm-
lung elo esou an den Asaz kéim an eemol an der
Konschtgeschichtsschreiwung hëllefe kéint fënnt hie
„ganz verréckt.“
E BËSSEN AKTIOUN
Wéi den éischten Deel mam Interview an der Täsch
war an d’Sonn sech wéi ugekënnegt oninvitéiert géint
11 Auer um Rez-de-chaussée breet gemaach huet,
hu mir eis als Ekipp ëm dat sougenannt Illustratiouns-
material gekëmmert. Dëst soll den Interview mat
Aktioun beräicheren, sou dass de Brandy z. B. beim
Bliederen a sengem Classeur, beim Stöberen am Biller-
stock oder beim Opsëtze vu sengem Hutt gefilmt gouf.
ENG KONSCHTHISTORESCH SOURCE
SCHAFEN
Wéi mir fäerdeg opgeriicht hunn, hu mir direkt mam
wichtegsten Deel ugefaangen: Dem Interview. Nieft
der Iddi, kontextual Informatioune fir d’Ausstellung
ze schafen, geet et beim Dokumentarfilm drëms eng
konschthistoresch Quell fir d’Zukunft entstoen ze
loossen. Effektiv gouf iwwert d’Konschtzeen an de
1970er Joren zu Lëtzebuerg nach net vill recherchéiert
a publizéiert. Dofir ass et wichteg mam Brandy iwwert
verschidde konschthistoresch Konzepter wéi z. B. dat
vum fräischaffende Kënschtler, dem gesellschaftlechen
a finanzielle Status vu Kënschtler oder iwwert d’Aus-
stellungsméiglechkeete vun deemools ze schwätzen
an dës Informatioune festzehalen.
Gläichzäiteg wollt ech dat traditionellt Interviewformat,
wou Froen an Äntwerten den Inhalt strukturéieren,
erausfuerderen. De liewegen Interviewer, d. h. déi
Persoun déi normalerweis d’Froen un den Interviewee
stellt, hunn ech duerch eng Auswiel vun Dokumenter
ersat. Dozou hunn ënnert anerem al Zeitungsartikelen
oder eng Rechnung aus dem Musée gehéiert. Déi
meescht Dokumenter huet de Brandy iwwer d’Zäit
selwer gesammelt. Hien huet sech se du genau ugekuc-
kt, dorop reagéiert an se kommentéiert. Wat soss als
doudegt Archivmaterial bekannt ass, krut dobäi esou
©
éric chenal