Full text: MuseoMag 2020_04

29 04 ‘ 2020   museomag 
SCHOULOFFER 
stellunge präsentéiert Thematiken, Froestellungen 
oder eenzel Objeten opgräifen, mee och déi praktesch 
Ëmsetzung an den Oflaf vun de Aktivitéite festgehale 
ginn. Och d‘Kommunikatioun iwwert dës Programma- 
tioun ass e wichtege Volet: d’Texter an d‘Fotoen, fir déi 
eenzel Offeren ze illustréieren, musse produzéiert ginn; 
de grafesche Layout vun der Broschür muss gemaach 
ginn, an nom Drock, mussen d’Schoulprogrammer ver- 
schéckt respektiv verdeelt ginn. 
D’Organisatioun vun den Aschreiwungen, déi ab 
Mëtt September an enger grousser Unzuel erakomme 
souwéi d’Koordinatioun par Rapport zu den Disponibi- 
litéite vun eise Guiden ass deen zäitintensiivsten Deel 
vun der Aarbecht, bei deem vill Gedold a Flexibilitéit 
gefrot ass. 
DÉI SANITÄR RESTRIKTIOUNE MAACHEN 
D‘SPILL NET MÉI EINFACH 
Besonnesch dëst Joer stinn duerch déi ganz COVID-19 
Problematik vill oppe Froen am Raum, déi et zu enger 
Erausfuerderung maachen, sech op déi kommend 
Schoulsaison virzebereeden. Un déi ënnerschiddlech 
sanitär Mesuren, wéi zum Beispill d’Restriktioun vun 
der Unzuel u Leit, déi sech zesummen als Grupp duerch 
de Musée duerfe beweegen, muss sech och beim 
Encadrement vu Schoulklasse gehale ginn. De Fait, 
dat mir pro Aktivitéit just eng beschränkten Zuel 
u Schüler kënne mateneen unhuelen, erschwéiert 
d’Organisatioun an d’Koordinatioun vun de Schüler- 
visitten natierlech erhieflech. 
Wéi all Joers, leeë mir och wärend dësem Schoul- 
joer vill Wäert op eng gréisstméiglechst Flexibilitéit fir 
d’Organisatioun vun de Rendezvous‘en. Souwuel 
wat d’Datumer an Horairen ugeet, wéi och de Sujet 
an d’Format vum Besuch am Musée soll bescht- 
méiglech un de Besoin vun dem schoulesche Public 
ugepasst ginn, notamment mat Offere „sur mesure“. 
Michèle Platt 
De Schoulprogramm – fir de Fondamental a fir 
d’Lycéeën – kann och vun den Enseignanten 
direkt bei eis bestallt ginn. Méi Infoen iwwert: 
servicedespublics@mnha.etat.lu
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.