Full text: MuseoMag 2020_01

5 01 ‘ 2020   museomag 
Zwecker, aus de Féiss ze goen. Ausserdeem sollt dee 
Projet transparent sinn. Detailer wéi eng Konventioun 
tëschent den Direktere vun eisen zwou Institutiounen, 
d’Assurance an den Transport waren duerno séier 
gekläert. 
VIRFREED A SPANNUNG 
Bis zum groussen Dag huet d’ganz Röntgepersonal 
sech Gedanke gemaach, wéi mir dës Skulpturen am 
Beschte röntge sollten. Komme mir mat eisen Appa- 
rater iwwerhaapt duerch d’Holz an d’Faarf? Wéi eng 
Maschinne solle mer benotzen? A wéi eng Astellunge 
fir beschtméiglechst Resultater ze erzilen? Fir eis opti- 
mal ze preparéieren hu mir tëschenduerch verschidde 
Materialien an Objeten, wéi Biller, Still, Palettë mat 
Neel… geröntgt a gescannt. Sou konnte mer déi op- 
timal Astellungen an dee richtege Programm definéie- 
ren. 
Mir ware bereet. De 24ten Oktober um 19 Auer ass 
de Camion aus dem Musée am Haff vun den Ambu- 
lanzen ukomm. All Mënsch war natierlech immens ge- 
spaant. Sou sinn déi 8 Statuen ënnert den Ae vu sëlle- 
ge Journalisten a Kameraen aus speziellen, op Mooss 
gebaute Këschten ausgepaakt ginn. Och ouni Konscht- 
virkenntnisser, war jidderee faszinéiert vun der Schéin- 
heet a virun allem vun de kënschtlereschen Detailer 
vun dëse Wierker. 
All Skulptur sollt op dräi verschiddenen Apparater 
geröntgt ginn. Am Scanner kann een déi verschidde 
Materialie ganz präzis ënnerscheeden an se och ge- 
nee lokaliséieren. Duerch dräidimensional Rekonstruk- 
tioune gesäit een, wéi déi eenzel Skulpturen opgebaut 
sinn. Duerno sinn d’Konschtwierker da ganz traditionell 
an zwee Pläng geröntgt ginn, vu vir a vun der Säit. Do 
kënnen och déi verschidde Materialien ënnerscheet 
ginn, awer et kritt een e bessert Gesamtbild vun der 
Skulptur. Fir d’éischt portiounsweis, da ganzheetlech 
mat der leschter Etapp, der Téléradiographie, déi 
erlaabt d’Objeten als Ganzt ze visualiséieren. 
HAND IN HAND 
GEGLÉCKTEN INTERDISZIPLINÄR   
KOOPERATIOUN 
Schonn direkt bei den éischte Biller ware mir bean- 
drockt vun eisen Entdeckungen. D’Biller ware vun en- 
ger enorm héijer Qualitéit an et konnt ee schonn op 
den éischte Bléck immens vill wäertvoll an interessant 
Informatioune sammelen. 
Fir d’Leit aus der Röntgen vum CHdN war dëse 
Projet natierlech och d’ideal Geleeënheet, fir d‘Apparater 
a verschidde speziell Astellungen ze testen. Schliisslech 
waren et fir eis ganz aussergewéinlech Patienten, déi net
	        
Waiting...

Note to user

Dear user,

In response to current developments in the web technology used by the Goobi viewer, the software no longer supports your browser.

Please use one of the following browsers to display this page correctly.

Thank you.