31 03 ‘ 2018 museomag
BUDDING
ARTIST
Am Kader vun der éischter Editioun vun de Luxembourg
Museum Days den 19. an 20. Mee konnte Grouss a
Kleng d’Muséeën uechtert Land entdecken. Op dësem
Weekend haten eis Muséeën och e spezielle Programm
fir eis jonk Visiteure proposéiert.
Am Nationalmusée gouf et nieft de flotte Kanner- a
Familljevisiten och zwee Bastelatelieren an deene sech
d‘Kanner kreativ austobe konnten. Bijouen am Stil vun
Art déco waren nees voll an der Moud, jidderee konnt
säin eegenen Accessoire mat faarwege Bännercher,
Pärelen, Steng a Fiedere selwer gestalten. Besonnesch
déi bont Fiedere si gutt bei de Kanner ukomm.
Am Musée Dräi Eechelen sinn net nëmmen d’Kanner
op hir Käschte komm, och déi Erwuessen hunn sech
amuséiert de Festungsmusée mat de berühmte Lego
Bricks nozebauen.
Deen, deen et e bëssi manner geckeg wollt, konnt
sech eng Ketten aus Bernstein bastelen. De Steen, deen
als Gold aus dem Mier bezeechent gëtt, huet awer als
éischt missen beschafft ginn. D‘Kanner hunn den Haarz
mat grousser Begeeschterung ofgeschlaff a poléiert fir
domat hiren individuellen Unhänger ze kreéieren.