MNAHA Collections Logo
  • First image
  • Previous image
  • Next image
  • Last image
  • Show double pages
Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

MuseoMag 2023_04

Access restriction

There is no access restriction for this record.

Copyright

The copyright and related rights status of this record has not been evaluated or is not clear. Please refer to the organization that has made the Item available for more information.

Metadata

fullscreen: MuseoMag 2023_04

Periodical

Title:
MuseoMag

Periodical volume

Title:
MuseoMag 2023_04

Article

Title:
"Alles fir d'Festung" : In memoriam - Änder Bruns (1958-2023)

Contents

Table of contents

  • MuseoMag
  • MuseoMag 2023_04
  • Sommaire
  • Editorial
  • Vom Schatten der Schwingen zu den Strassen der Stadt : Was die neue Austellung im Musée Dräi Eechelen mit uns zu tun hat
  • Introducing the Lëtzebuerger Konschtlexikon: A new online dictionary for the visual arts
  • Venez explorer des sources insoupçonnées : Réception de toutes premières archives d'artistes
  • Un nouveau Koekkoek pour nos collections : Le MNAHA a récemment pu acquérir un second tableau de la série des paysages luxembourgeois commandés par le Roi Guillaume II des Pays-Bas, Grand-Duc du Luxembourg
  • Le contre-la-montre est lancé ! : Notre action de crowdfunding Klammt mat an d'Course ! dépasse toutes nos attentes
  • Que serait un champion sans sa médaille ? : Les décorations sportives décortiquées par le Cabinet des Médailles
  • "Every series has a Lady Gaga touch": The photographic world of Bruno Oliveira
  • Ondes, reflets et lumière : Le processus d'oxydation chez Arthur Unger décortiqué à l’œil nu
  • Sur les traces des biens juifs spoliés : Un travail de recherche de provenance est en cours au MNAHA
  • Destination Ausstellungsarchiv : Alltag im Museumsarchiv des Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art
  • "Ënner eis : Et ass bëssi langweileg hei..." : Eng Taass Téi mam... Adam Sigmund von Thüngen
  • "Alles fir d'Festung" : In memoriam - Änder Bruns (1958-2023)
  • Bon à savoir

Full text

40 
MuseoMag   N°IV 2023 
„ALLES FIR D’FESTUNG“ 
In memoriam – Änder Bruns (1958-2023) 
De 24. Juni 2023 ass den Änder Bruns mat 65 Joer 
onerwaart doheem verstuerwen. Vun 2007 bis 2009 
a vun 2011 bis 2018 huet heen am Centre de docu- 
mentation sur la Forteresse de Luxembourg (CDF) 
geschafft, fir t’éischt ënnert dem deemolege 
Service des sites et monuments (haut INPA) an 
dono am Kader vum Musée national d’archéo- 
logie, d’histoire et d‘art (MNAHA). Hee war feste Be- 
standdeel vun der Ekipp, déi de Musée Dräi Eechelen 
geplangt an 2012 opgemaach huet. Et ass ënner ane- 
rem dem Änder säin Engagement 1992 an der Bierger- 
initiativ «Fanger ewech vun den Dräi Eechelen!», datt 
de Réduit Thüngen als historescht Gebai konnt be- 
stoe bleiwen fir e Festungsmusée dran z‘installéieren. 
Virun 2007, wärend senger Zäit op der Eisebunn, 
huet hee sech schonn intensiv mat der Festung 
befaasst a war Grënnungsmember a President vun 
der Associatioun Frënn vun der Festungsgeschicht 
Lëtzebuerg (FFGL). 2007 konnt den Änder du säin 
Hobby zum Beruff maachen, andeems heen am 
CDF als wëssenschaftleche Mataarbecheter uge- 
stallt ginn ass. Säin enormt Wëssen, seng Hëllefs- 
bereetschaft a säin Humor hunn d’Zesumme- 
schaffen immens agreabel a flott gemaach. Et konnt 
een heen ëmmer ëm Rot froen a mat him diskutéieren. 
Un den historëschen Ausstellungen am Musée 
Dräi Eechelen, déi och iwwert Fortifikatioun eraus- 
goungen, hat den Änder e groussen Undeel, sief et 
„Genie und Festung. Luxemburger Festungspläne 
in der Staatsbibliothek zu Berlin“ (2013) – wou hee 
bei der Staatsvisitt zu Berlin mat dobäi war –, „Les 
Frontières de l’Indépendance. Le Luxembourg entre 
1815 et 1839“ (2015) oder „Pont Adolphe 1903“ (2016). 
Bei all Projet war hee mat vill Häerzblutt, Freed an 
Äifer dobäi, souguer a senger Pensioun bei der 
Ausstellung „Et wor emol e Kanonéier. L’artillerie au 
Luxembourg“ (2018). 
KENG FRO WAR HIM ZE VILL 
Getrei sengem Motto „Alles fir d’Festung“, war den 
Änder gäre bereet fir all Interesséierten Visitten 
duerch d’Festung ze maachen a säin Enthusiasmus 
huet sech direkt op d’Visiteuren iwwerdro. Keng Fro 
war him ze vill an heen huet mat Sachkenntnis, Be- 
geeschterung a Gedold alles gewisen an erkläert. 
Hee war sech och net ze schued fir op alle Véieren 
duerch ënnerierdesch Galerien ze krauchen oder 
duerch niddreg Minnegäng ze robben. 
Mir wäerten den Änder a beschter Erënnerung halen. 
D’Ekipp vum CDF 
© mnaha
	        

Downloads

Downloads

Full record

ALTO TEI Full text PDF Mirador

This page

PDF Image Preview Image Small Image Medium Image Large (3000 px) ALTO TEI Full text Mirador

Image fragment

Link to the viewer page with highlighted frame Link to IIIF image fragment

Formats and links

Formats and links

The metadata is available in various formats. There are also links to external systems.

Formats

METS METS (entire work) MARC XML Dublin Core

Links

DFG-Viewer Mirador

Cite

Cite

The following citation links are available for the entire work or the displayed page:

Full record

RIS

This page

Image manipulation tools

Tools not available

Share image region

Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

Contact

Have you found an error? Do you have any suggestions for making our service even better or any other questions about this page? Please write to us and we'll make sure we get back to you.

How much is one plus two?:

I hereby confirm the use of my personal data within the context of the enquiry made.