40 MuseoMag N°IV 2023 „ALLES FIR D’FESTUNG“ In memoriam – Änder Bruns (1958-2023) De 24. Juni 2023 ass den Änder Bruns mat 65 Joer onerwaart doheem verstuerwen. Vun 2007 bis 2009 a vun 2011 bis 2018 huet heen am Centre de docu- mentation sur la Forteresse de Luxembourg (CDF) geschafft, fir t’éischt ënnert dem deemolege Service des sites et monuments (haut INPA) an dono am Kader vum Musée national d’archéo- logie, d’histoire et d‘art (MNAHA). Hee war feste Be- standdeel vun der Ekipp, déi de Musée Dräi Eechelen geplangt an 2012 opgemaach huet. Et ass ënner ane- rem dem Änder säin Engagement 1992 an der Bierger- initiativ «Fanger ewech vun den Dräi Eechelen!», datt de Réduit Thüngen als historescht Gebai konnt be- stoe bleiwen fir e Festungsmusée dran z‘installéieren. Virun 2007, wärend senger Zäit op der Eisebunn, huet hee sech schonn intensiv mat der Festung befaasst a war Grënnungsmember a President vun der Associatioun Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg (FFGL). 2007 konnt den Änder du säin Hobby zum Beruff maachen, andeems heen am CDF als wëssenschaftleche Mataarbecheter uge- stallt ginn ass. Säin enormt Wëssen, seng Hëllefs- bereetschaft a säin Humor hunn d’Zesumme- schaffen immens agreabel a flott gemaach. Et konnt een heen ëmmer ëm Rot froen a mat him diskutéieren. Un den historëschen Ausstellungen am Musée Dräi Eechelen, déi och iwwert Fortifikatioun eraus- goungen, hat den Änder e groussen Undeel, sief et „Genie und Festung. Luxemburger Festungspläne in der Staatsbibliothek zu Berlin“ (2013) – wou hee bei der Staatsvisitt zu Berlin mat dobäi war –, „Les Frontières de l’Indépendance. Le Luxembourg entre 1815 et 1839“ (2015) oder „Pont Adolphe 1903“ (2016). Bei all Projet war hee mat vill Häerzblutt, Freed an Äifer dobäi, souguer a senger Pensioun bei der Ausstellung „Et wor emol e Kanonéier. L’artillerie au Luxembourg“ (2018). KENG FRO WAR HIM ZE VILL Getrei sengem Motto „Alles fir d’Festung“, war den Änder gäre bereet fir all Interesséierten Visitten duerch d’Festung ze maachen a säin Enthusiasmus huet sech direkt op d’Visiteuren iwwerdro. Keng Fro war him ze vill an heen huet mat Sachkenntnis, Be- geeschterung a Gedold alles gewisen an erkläert. Hee war sech och net ze schued fir op alle Véieren duerch ënnerierdesch Galerien ze krauchen oder duerch niddreg Minnegäng ze robben. Mir wäerten den Änder a beschter Erënnerung halen. D’Ekipp vum CDF © mnaha