MNAHA Collections Logo
  • First image
  • Previous image
  • Next image
  • Last image
  • Show double pages
Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

MuseoMag 2023_04

Access restriction

There is no access restriction for this record.

Copyright

The copyright and related rights status of this record has not been evaluated or is not clear. Please refer to the organization that has made the Item available for more information.

Metadata

fullscreen: MuseoMag 2023_04

Periodical

Title:
MuseoMag

Periodical volume

Title:
MuseoMag 2023_04

Article

Title:
"Ënner eis : Et ass bëssi langweileg hei..." : Eng Taass Téi mam... Adam Sigmund von Thüngen

Contents

Table of contents

  • MuseoMag
  • MuseoMag 2023_04
  • Sommaire
  • Editorial
  • Vom Schatten der Schwingen zu den Strassen der Stadt : Was die neue Austellung im Musée Dräi Eechelen mit uns zu tun hat
  • Introducing the Lëtzebuerger Konschtlexikon: A new online dictionary for the visual arts
  • Venez explorer des sources insoupçonnées : Réception de toutes premières archives d'artistes
  • Un nouveau Koekkoek pour nos collections : Le MNAHA a récemment pu acquérir un second tableau de la série des paysages luxembourgeois commandés par le Roi Guillaume II des Pays-Bas, Grand-Duc du Luxembourg
  • Le contre-la-montre est lancé ! : Notre action de crowdfunding Klammt mat an d'Course ! dépasse toutes nos attentes
  • Que serait un champion sans sa médaille ? : Les décorations sportives décortiquées par le Cabinet des Médailles
  • "Every series has a Lady Gaga touch": The photographic world of Bruno Oliveira
  • Ondes, reflets et lumière : Le processus d'oxydation chez Arthur Unger décortiqué à l’œil nu
  • Sur les traces des biens juifs spoliés : Un travail de recherche de provenance est en cours au MNAHA
  • Destination Ausstellungsarchiv : Alltag im Museumsarchiv des Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art
  • "Ënner eis : Et ass bëssi langweileg hei..." : Eng Taass Téi mam... Adam Sigmund von Thüngen
  • "Alles fir d'Festung" : In memoriam - Änder Bruns (1958-2023)
  • Bon à savoir

Full text

37 
N°IV 2023   MuseoMag 
richteg virun. Ënner eis: et ass bëssi langweileg hei.... 
Gefält Iech Lëtzebuerg dann net sou gutt wéi Dir 
Iech et erwaart hutt? 
Dach, dach, et ass eng formidabel, wonnerschéi Plaz, 
mat vill Geschicht an ech krut jo och e Fort a mengem 
Numm gebaut, an dass ganz vill Perséinlechkeete 
viru mir hei waren, sou wéi de Vauban, mee lo sou 
als Interimskommandant ass et ëmmer schwiereg. 
D’Betounung läit eben op Interim – et ass een een, 
mee t’ass een eben och keen. Et huet een eben 
näischt richteg ze soen. 
Wéi ass et iwwerhaapt komm, dass dee Fort no 
Iech benannt gouf? 
Majo, lo wou mir Éisträicher hei sinn – mir si jo all 
Éisträicher hei, och ech als Süddäitschen –, war ebe 
grad de Fort am Bau. Wéi se mech dunn heihinner 
gesat hu fir de Grof vun Neipperg ze ersetzen, hun se 
sech geduecht, da kritt en och mäin Numm. 
War dat eng grouss Éier fir Iech, oder ass dat eng 
Selbstverständlechkeet? 
[laacht] Nee, ech fannen dat scho selbstverständlech. 
Natierlech ass et och eng Éier, mee et gehéiert 
sech awer och, fannen ech. Si hu jo och schonn den 
Tour gemaach mat de Benennungen: Fort Charles 
fir de Keeser, Fort Elisabeth fir seng Schwëster, eis 
Gouvernantin, Fort Neipperg fir de Gouverneur an 
ech sinn dee nächsten am Rang. 
Wunnt Dir dann och an Ärem Fort? 
Nee, nee, nee, ech wunnen an der Stad, am Zentrum 
vun der Forteresse, beim Roude Pëtz, mat menger 
Fra, dem Anna. 
An d’Zaldote wunnen déi dann do, oder ass et 
nach ganz eidel? 
Ah dat ass eng gutt Fro… [hien iwwerleet]… Eisen 
Ingenieur, de Simon de Bauffe, deen dat Ganzt 
geplangt huet, hat dat virgesin. Souwäit ech weess, 
wunnen bis elo nach keng Zaldoten do. Ech hunn 
awer Visiounen, dass se dat eben an 100 Joer réischt 
richteg ausgruewen fir dass do puer 100 Zaldoten 
kënnen wunnen. 
Wa mir scho beim Thema Zaldoten sinn, wat 
mécht e gudden Zaldot fir Iech aus? 
Ha! Also dat ass eng ganz schwiereg Fro, well 
éischtens emol ass et schwéier hautdesdaags e 
gudden Zaldot ze fannen. Se lafen eis jo all fort! Dir 
hutt dat jo sécher matkritt, nee? Et ass eng héich 
Unzuel un Deserteuren, stänneg, vu datt Frankräich 
INTERVIEW 
jo just e Musketeschoss vun mengem Fort wech 
ass – Dir gitt jo bis op Hesper an da setzt Dir jo a 
Frankräich. Si kommen da bei mech an ech hunn 
dann och nach e gudden Androck vum Här – deen 
do géing e gudden Zaldot ginn – an wat mécht hien?! 
Hien hëlt d’Primm a leeft eriwwer bei d’Fransousen 
a rifft „Déserteur, déserteur, déserteur!“, an dann 
hëlt en do d’Primm! An de Clou ass, da kommen se 
bemools rëm zréck aus Frankräich! Bei mech! An da 
jäizen se rëm „Déserteur, déserteur!“. D’Situatioun 
ass sou dramatesch. Ech géing se jo am léifste 
condamnéieren a fir éiweg an de Prisong verdamen, 
a wéinst menger och mol gutt beetschen… awer 
ech ka mir dat net erlaben. Ech si jo scho frou wann 
iwwerhaapt mol Leit kommen. 
Sinn dat da Lëtzebuerger Zaldoten oder kommen 
déi aus der Groussregioun? 
Vun iwwerall. Vun der ganzer Vergaangenheet hu 
mir hei mindestens 20, 30 Natiounen als Zaldoten: 
Serben, Kroaten, Englänner, Spuenier (nach ëmmer), 
Hollänner, … vun allem hu mir hei. Dir kënnt Sprooche 
léieren an eiser Festungsstad. Wann et eng Plaz 
gëtt wou ee ka Sprooche léieren ass dat an eiser 
Festungsstad! 
Schwätzt Dir dann och aner Sproochen ausser 
Däitsch? 
Ma Latäin! A Franséisch natierlech. 
Well dat d’Sprooch um Haff ass? 
Mir ënnert der Noblesse «Nous parlons le français, 
oui-oui, bien sûr». 
Awer mat engem schéinen éisträicheschen 
Accent? 
«Ah non, je ne crois pas. On m’a dit qu’on n’entend 
pas trop l’accent autrichien» 
Ah ok, mäi Lëtzebuergesch héiert een ëmmer… 
Ah, jo! Dir schwätzt d’Sprooch vun hei… dat ass 
eppes Komesches… 
Dir sot, et ass schonn net sou einfach hei zu 
Lëtzebuerg, mat de Problemer Zaldoten ze 
rekrutéieren an an Ärer Karriär weiderzekommen, 
an et ass net déi opreegenst Stad. Wat maacht Dir 
da fir dat auszegläichen? Wat mécht Iech frou? 
[iwwerleet] Ech schaffen einfach gären, wësst Dir. 
Ech sinn am Fong beruff fir deen ze sinn, deen ech 
sinn, wéi all d’Leit aus der Noblesse. Ech krut scho 
ganz fréi meng Erzéiung, wéi ech mech als Offizéier 
ze verhalen hunn. Ech géing am léifste gäre richteg
	        

Downloads

Downloads

Full record

ALTO TEI Full text PDF Mirador

This page

PDF Image Preview Image Small Image Medium Image Large (3000 px) ALTO TEI Full text Mirador

Image fragment

Link to the viewer page with highlighted frame Link to IIIF image fragment

Formats and links

Formats and links

The metadata is available in various formats. There are also links to external systems.

Formats

METS METS (entire work) MARC XML Dublin Core

Links

DFG-Viewer Mirador

Cite

Cite

The following citation links are available for the entire work or the displayed page:

Full record

RIS

This page

Image manipulation tools

Tools not available

Share image region

Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

Contact

Have you found an error? Do you have any suggestions for making our service even better or any other questions about this page? Please write to us and we'll make sure we get back to you.

What is the fifth month of the year?:

I hereby confirm the use of my personal data within the context of the enquiry made.