37 N°IV 2023 MuseoMag richteg virun. Ënner eis: et ass bëssi langweileg hei.... Gefält Iech Lëtzebuerg dann net sou gutt wéi Dir Iech et erwaart hutt? Dach, dach, et ass eng formidabel, wonnerschéi Plaz, mat vill Geschicht an ech krut jo och e Fort a mengem Numm gebaut, an dass ganz vill Perséinlechkeete viru mir hei waren, sou wéi de Vauban, mee lo sou als Interimskommandant ass et ëmmer schwiereg. D’Betounung läit eben op Interim – et ass een een, mee t’ass een eben och keen. Et huet een eben näischt richteg ze soen. Wéi ass et iwwerhaapt komm, dass dee Fort no Iech benannt gouf? Majo, lo wou mir Éisträicher hei sinn – mir si jo all Éisträicher hei, och ech als Süddäitschen –, war ebe grad de Fort am Bau. Wéi se mech dunn heihinner gesat hu fir de Grof vun Neipperg ze ersetzen, hun se sech geduecht, da kritt en och mäin Numm. War dat eng grouss Éier fir Iech, oder ass dat eng Selbstverständlechkeet? [laacht] Nee, ech fannen dat scho selbstverständlech. Natierlech ass et och eng Éier, mee et gehéiert sech awer och, fannen ech. Si hu jo och schonn den Tour gemaach mat de Benennungen: Fort Charles fir de Keeser, Fort Elisabeth fir seng Schwëster, eis Gouvernantin, Fort Neipperg fir de Gouverneur an ech sinn dee nächsten am Rang. Wunnt Dir dann och an Ärem Fort? Nee, nee, nee, ech wunnen an der Stad, am Zentrum vun der Forteresse, beim Roude Pëtz, mat menger Fra, dem Anna. An d’Zaldote wunnen déi dann do, oder ass et nach ganz eidel? Ah dat ass eng gutt Fro… [hien iwwerleet]… Eisen Ingenieur, de Simon de Bauffe, deen dat Ganzt geplangt huet, hat dat virgesin. Souwäit ech weess, wunnen bis elo nach keng Zaldoten do. Ech hunn awer Visiounen, dass se dat eben an 100 Joer réischt richteg ausgruewen fir dass do puer 100 Zaldoten kënnen wunnen. Wa mir scho beim Thema Zaldoten sinn, wat mécht e gudden Zaldot fir Iech aus? Ha! Also dat ass eng ganz schwiereg Fro, well éischtens emol ass et schwéier hautdesdaags e gudden Zaldot ze fannen. Se lafen eis jo all fort! Dir hutt dat jo sécher matkritt, nee? Et ass eng héich Unzuel un Deserteuren, stänneg, vu datt Frankräich INTERVIEW jo just e Musketeschoss vun mengem Fort wech ass – Dir gitt jo bis op Hesper an da setzt Dir jo a Frankräich. Si kommen da bei mech an ech hunn dann och nach e gudden Androck vum Här – deen do géing e gudden Zaldot ginn – an wat mécht hien?! Hien hëlt d’Primm a leeft eriwwer bei d’Fransousen a rifft „Déserteur, déserteur, déserteur!“, an dann hëlt en do d’Primm! An de Clou ass, da kommen se bemools rëm zréck aus Frankräich! Bei mech! An da jäizen se rëm „Déserteur, déserteur!“. D’Situatioun ass sou dramatesch. Ech géing se jo am léifste condamnéieren a fir éiweg an de Prisong verdamen, a wéinst menger och mol gutt beetschen… awer ech ka mir dat net erlaben. Ech si jo scho frou wann iwwerhaapt mol Leit kommen. Sinn dat da Lëtzebuerger Zaldoten oder kommen déi aus der Groussregioun? Vun iwwerall. Vun der ganzer Vergaangenheet hu mir hei mindestens 20, 30 Natiounen als Zaldoten: Serben, Kroaten, Englänner, Spuenier (nach ëmmer), Hollänner, … vun allem hu mir hei. Dir kënnt Sprooche léieren an eiser Festungsstad. Wann et eng Plaz gëtt wou ee ka Sprooche léieren ass dat an eiser Festungsstad! Schwätzt Dir dann och aner Sproochen ausser Däitsch? Ma Latäin! A Franséisch natierlech. Well dat d’Sprooch um Haff ass? Mir ënnert der Noblesse «Nous parlons le français, oui-oui, bien sûr». Awer mat engem schéinen éisträicheschen Accent? «Ah non, je ne crois pas. On m’a dit qu’on n’entend pas trop l’accent autrichien» Ah ok, mäi Lëtzebuergesch héiert een ëmmer… Ah, jo! Dir schwätzt d’Sprooch vun hei… dat ass eppes Komesches… Dir sot, et ass schonn net sou einfach hei zu Lëtzebuerg, mat de Problemer Zaldoten ze rekrutéieren an an Ärer Karriär weiderzekommen, an et ass net déi opreegenst Stad. Wat maacht Dir da fir dat auszegläichen? Wat mécht Iech frou? [iwwerleet] Ech schaffen einfach gären, wësst Dir. Ech sinn am Fong beruff fir deen ze sinn, deen ech sinn, wéi all d’Leit aus der Noblesse. Ech krut scho ganz fréi meng Erzéiung, wéi ech mech als Offizéier ze verhalen hunn. Ech géing am léifste gäre richteg