MNAHA Collections Logo
  • First image
  • Previous image
  • Next image
  • Last image
  • Show double pages
Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

MuseoMag 2025_02

Access restriction

There is no access restriction for this record.

Copyright

The copyright and related rights status of this record has not been evaluated or is not clear. Please refer to the organization that has made the Item available for more information.

Metadata

fullscreen: MuseoMag 2025_02

Periodical

Title:
MuseoMag

Periodical volume

Title:
MuseoMag 2025_02

Article

Title:
Op de Spuere vum Bundeskontingent a Jägerkorps : Wéi d'Virbereedunge fir eng Ausstellung iwwert d'Urspréng vun der Lëtzebuerger Arméi onerwaarten Dieren opgemaach hunn

Contents

Table of contents

  • MuseoMag
  • MuseoMag 2025_02
  • Sommaire
  • Editorial
  • "Eng Ausernanersetzung mat der Zäit vun der Festung": De Musée Dräi Eechelen ass dëst Joer beim European Month of Photography (EMOP) derbäi, mat La cité transparente, a Projet vum Yann Tonnar
  • From cursed algae to painting with light: Our exhibition for the European Month of Photography
  • Op de Spuere vum Bundeskontingent a Jägerkorps : Wéi d'Virbereedunge fir eng Ausstellung iwwert d'Urspréng vun der Lëtzebuerger Arméi onerwaarten Dieren opgemaach hunn
  • Echappées belles : Avec Land in Motion, découvrez les paysages comme jamais auparavant !
  • From London to Luxembourg: The museum welcomes Dan Gaasch's Selina (2022) to its collection
  • Un site archéologique hors pair en plein air : Réouverture le mardi 8 avril 2025 - entrée gratuite
  • La souffrance, l'éphémère et la fin inéluctable : "Bacon, une vision sacralisée de l'humain": Nouvelles visites thématiques autour du tryptique actuellement en prêt au Nationalmusée
  • Von gelehrten Affen, einem geflügelten Stier und Europa : Neue Erkenntnisse zu den Art déco-Keramiken von Léon Nosbusch
  • Das "Gedächtnis" des Museums : Eugénie Wilhelm (1917-1988) wird im Rahmen des Archivmonats gewürdigt
  • Gérard Thill zum 100. Geburtstag : Am 13. März wurde der frühere Direktor des Museums Gérard Thill 100 Jahre alt
  • Visiteurs indésirables : Quand la biodiversité devient une menace pour le patrimoine
  • Reviving Prince Henry: How we restored a 19th-century crayon portrait
  • Bon à savoir

Full text

9 
N°II 2025   MuseoMag 
AUSSTELLUNG 
Laf vun de Recherchen ëmmer erëm begéint, sief et 
am Kader vum Examen dee se hu musse maache fir 
Offizéier ze ginn, a Form vun engem Graw wat nach 
ëmmer existéiert oder vun engem Tschako deen 
d’Famill dem Musée iwwerlooss huet. 
D’Geschicht vum Bundeskontingent, deen aus 
zwee Jägerbatailloune bestoung a sech dowéinst 
och Jägerkorps genannt huet, hu mer och nach ganz 
rezent begéint: déi sougenannt Matrikelbicher vun 
den Offizéier an de Mannschaften. Wärend enger 
Visitt am Policemusée zu Capellen, krute mer esou 
e Matrikelbuch gewisen. Mir hu festgestallt, datt dat 
am Fong déi ganz militäresch a sozial Karriäre vun 
den Offizéier beinhalt. 155 Offizéier sinn do iwwert 
150 Joer agedro, dee leschten 1996. An der Aus- 
stellung wäert Dir gesinn, datt d’Buch op enger ganz 
besonnescher Säit opgeschloen ass… Och vun de 
Mannschaften existéiere Matrikelbicher, déi vun der 
Grënnung vum Jägerkorps 1842 bis 1881 net manner 
wéi 11.555 Zaldote verzeechnen. Ënnert den 18-Järe- 
gen, déi zu Lëtzebuerg gebuer goufen oder am Land 
gewunnt hunn, bestoung bis zur Grënnung vun der 
Fräiwëllegekompagnie am Joer 1881 nämlech Wehr- 
pflicht. 
E WICHTEGE PRÊT 
VUN DER COUR GRAND-DUCALE 
Deen eenzege Portrait vum Kinnek Groussherzog 
als Oberbefehlshaber vum Bundeskontingent weist 
de Wëllem III. an der Lëtzebuerger Uniform virun der 
Stad. Dësen aussergewéinlechen Tableau, deen 
deemools duerch eng sëlleg Lithographien a 
suguer Photographie verbreet gouf, léint d’Cour 
grand-ducale fir d’Ausstellung. 
Ee vun den Highlights an der Ausstellung ass 
sécherlech déi portativ Uergel aus der Muttergottes- 
kapell vun Eechternach, eng sougenannt Oranier- 
Uergel vun där der nach just 5 existéieren. Dës Uergel 
ass 1845 op Demande vum Kinnek Groussherzog 
Wëllem II. an Holland vun der Firma Bätz & Co. ge- 
maach ginn fir op Walfer an d’Schlass. De Wëllem 
hat dem protestanteschen Deel vun der Garnisoun 
zu Eechternach schonn eng aner Uergel aus dem 
Walfer Schlass geschenkt, elo wollt dann och de 
kathouleschen Deel vun der Garnisoun hir Uergel 
fir d’Gottesdéngschter kréien. Där Demande ass de 
Souverain dann och nokomm. 
Den hollännesche Militärmusée, den Nationaal Militair 
Museum (NMM) Soesterberg, ass och Leihgeber. 
Fir iwwerhaapt mol d’Entsteeung vum Bundes- 
kontingent ze verstoen, muss ee bis an d’Joer 1827 
zréckgoen. Dunn ass d’Schutterij gegrënnt gi fir am 
gesamten Hollännesche Kinnekräich fir Uerdnung an 
de Stied ze suergen. Et war eng Garde communale 
déi polizeilech Aufgaben iwwerholl huet an an der 
Stad Lëtzebuerg aus 198 Mann bestan huet, et ware 
Männer tëscht 25 a 35 Joer déi all Joer per Lous an 
hirer Gemeng an den Déngscht gezu sinn. Mir hunn 
dat grousst Gléck eng donkelblo Uniformjackett vun 
der Schutterij am NMM kënnen auszeléinen. 
DEM AUGUSTE DE BLOCHAUSEN 
SENG SÄBELTÄSCH 
E puer vun den Objete kommen aus Privatsamm- 
lungen. Sou zB en Tableau deen déi dräi Kanner 
vum Staatskanzler Frédéric Prosper de Blochausen 
weist. Säi jéngste Bouf den Auguste gëtt vun him 
mat 17 Joer an d’11. Éisträichescht Husaren-Regiment 
plazéiert. Seng Eenheet steet zu Żółkiew a Galizien, 
am Weste vun der haiteger Ukrain. Am Alter vun 
nëmmen 19 Joer stierft den Auguste un engem Infekt. 
An engem Bréif aus de Fonge vum Nationalarchiv 
dréckt de Papp seng Trauer a säi Schock doriwwer 
aus. Dem Auguste seng Säbeltäsch (Sabretache) 
mam gekréinte Monogramm vum Franz Josef I., 
Keeser vun Éisträich a Kinnek vun Ungarn aus dem 
Musée senge Sammlunge bleift mam Portrait ee vun 
de wéinege Souveniren. 
Net zuletzt huet de Bundeskontingent bzw. Jäger- 
korps Agank an d’national Dichtung a Musek fonnt. 
Wärend den Edmond „Dicks“ de La Fontaine oder 
de Michel Rodange an hire Wierker ironesch mat 
der Arméi ëmginn, war keen anere wéi de Jean- 
Antoine Zinnen den Dirigent vun der Musekskapell 
vum 2. Batailloun. Seng Melodie op den Text vun 
Ons Heemecht huet heen awer réischt laang no 
senger Zäit am Bundeskontingent komponéiert. 
Ab dem 24. Abrëll 2025 kënnt Dir fir d’Ausstellung 
am Musée Dräi Eechelen untrieden. 
Simone Feis, Ralph Lange 
D’Ausstellung Luxemburger Bundeskontingent. 
Militär und Gesellschaft im 19. Jahrhundert 
am Musée Dräi Eechelen 
gëtt den 23. Abrëll um 18 Auer ageweit.
	        

Downloads

Formats and links

Cite

Contact

Have you found an error? Do you have any suggestions for making our service even better or any other questions about this page? Please write to us and we'll make sure we get back to you.

What is the first letter of the word "tree"?:

I hereby confirm the use of my personal data within the context of the enquiry made.