MNAHA Collections Logo
  • First image
  • Previous image
  • Next image
  • Last image
  • Show double pages
Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

MuseoMag 2023_01

Access restriction

There is no access restriction for this record.

Copyright

The copyright and related rights status of this record has not been evaluated or is not clear. Please refer to the organization that has made the Item available for more information.

Metadata

fullscreen: MuseoMag 2023_01

Periodical

Title:
MuseoMag

Periodical volume

Title:
MuseoMag 2023_01

Article

Title:
"Mäi Yin a mäi Yang" : Eng Visitt beim Arthur Unger doheem, en Univers vu Feier-a Waasserbiller

Contents

Table of contents

  • MuseoMag
  • MuseoMag 2023_01
  • Sommaire
  • Editorial
  • The narrative potential of images: A conservation with Erwin Olaf and Hans Op de Beeck
  • "...Datt et weltwäit keng Ënnerdréckung vun de Frae méi géing" : E Gespréich mat der Laureatin vum Lëtzebuerger Konschtpräis 2022, Berthe Lutgen
  • Jean-Pierre Huberty porträtierte Michel Engels im Jahr 1894 : Ein neues Kunstwerk in der Sammlung des MNHA
  • "Mäi Yin a mäi Yang" : Eng Visitt beim Arthur Unger doheem, en Univers vu Feier-a Waasserbiller
  • La passion de l'objet historique chevillée au coeur : Rencontre avec Paul Scharlé, un collectionneur chevronné
  • Museumsgeschichte ganz plakativ : Von der Bestandsaufnahme zur Konservierung von Ausstellungsplakaten
  • "I promise to unlearn/re-learn to help elicit change!" : Besucher/-innen Feedback zur Ausstellung "Le passé colonial du Luxembourg"
  • Alles andere als Schönmalerei : Im Gespräch mit Chantal Maquet, die mit dem Pierre-Werner-Preis 2022 ausgezeichnet wurde
  • The many faces of a "Lëtzebuerger Jong": A detailed look at the MNHA's Steichen collection
  • Maître ès Trompe-l'oeil : Incursion dans l'univers de l'artiste français Gabriel German Joncherie à l'exemple de deux scènes d'intérieur
  • Bon à savoir

Full text

14 museomag   01 ‘ 2023 
© 
éric 
chenal 
An der Lëtzebuerger Konschtzeen gesäit den Arthur Unger sech méi als en Eenzelgänger, deen säin eegene Wee gaangen ass a sech 
net vun anere beaflosse gelooss huet. 
„MÄI YIN A MÄI YANG“  (1/2) 
ENG VISITT BEIM ARTHUR UNGER DOHEEM, EN UNIVERS VU FEIER- 
A WAASSERBILLER 
An engem idylleschen Atelier matten an der Stad, 
ëmgi vu Beem a Gréngs, verbréngt de Lëtzebuerger 
Kënschtler Arthur Unger seng Zäit am Léifsten. Den 92- 
Joer alen Artiste huet sech säit dem Ufank vu senger 
Kënschtlerkarriär an de 1970er Jore virun allem duerch 
seng gestuel Encres de Chine a seng innovativ Technik 
vum Feier op Koffer hei zu Lëtzebuerg an am Ausland 
e Numm gemaach. Am Kader vun de Virbereedunge 
fir d’Ausstellung, déi am Fréijoer d‘nächst Joer am 
Nationalmusée wäert opgoen, hunn ech de Kënschtler 
bei him doheem getraff. Mat de wanterlechen Tempe- 
rature vun dobaussen hu mir eis decidéiert d’Visitt vu 
sengem Atelier, dee sech no vu sengem Haus befënnt, 
op ee méi waarmen Dag ze verleeën. Mee och wann 
een dem Unger säin Doheem betrëtt, fillt een sech séier 
a säi ganz eegenen a perséinlechen Univers vu Feier- 
a Waasserbiller eraversat. Mat ronn 30 Wierker wäert 
sech d’Ausstellung op dës zwee, sech kontrastéierend, 
Aspekter vu sengem Wierk, oder wéi den Arthur Unger 
et gären nennt, “mäi Yin a mäi Yang”, konzentréieren. 
ENCRES DE CHINE 
Dem Arthur Unger seng Encres de Chine bestieche 
virun allem duerch hir fräi an dynamesch Gestualitéit. 
Den Artist selwer beschreift se als flüchteg, spontan 
an direkt Trace vum Liewen. Et wier eng Molerei déi 
“esou aus him erausspréngt”, en Ausdrock vu senge 
perséinlechen Erliefnisser an vun deem wat an him 
bannendra virgeet. Och nach Psychogrammes genannt, 
erënneren dës schwaarz-wäiss Zeechen u chineesesch 
Kalligraphie. 1972 definéiert de Jean-Marc Refeuil 
Psychogramme als «œuvre informelle, porte témoi- 
gnage par son émergence des forces enfouies de la 
psyché de la vie intérieure de l’artiste». 
Duerch seng Aarbechte mat Encre de chine ass 
et och zu enger wichteger Renconter komm, déi e 
groussen Afloss op de Verlaf vum Unger senger Karriär 
hat. 1970 huet hien zu Paräis de bekannte franséische 
Konschtkritiker Michel Tapié kennegeléiert. Den Tapié 
huet de Begrëff vum art informel, e Sammelbegrëff 
fir eng Konschtrichtung, déi an der Nokrichszäit a
	        

Downloads

Formats and links

Cite

Contact

Have you found an error? Do you have any suggestions for making our service even better or any other questions about this page? Please write to us and we'll make sure we get back to you.

How much is one plus two?:

I hereby confirm the use of my personal data within the context of the enquiry made.