MNAHA Collections Logo
  • First image
  • Previous image
  • Next image
  • Last image
  • Show double pages
Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

MuseoMag 2021_02

Access restriction

There is no access restriction for this record.

Copyright

The copyright and related rights status of this record has not been evaluated or is not clear. Please refer to the organization that has made the Item available for more information.

Metadata

fullscreen: MuseoMag 2021_02

Periodical

Title:
MuseoMag

Periodical volume

Title:
MuseoMag 2021_02

Article

Title:
"Et rullt !" : Den Atelier vum Robert Brandy als Kuliss fir en Dokumentarfilm am Optrag vum MNHA

Contents

Table of contents

  • MuseoMag
  • MuseoMag 2021_02
  • Sommaire
  • Editorial
  • Le pionnier bien-aimé : Grande rétrospective consacrée à l'artiste luxembourgeois Robert Brandy pour ses cinquante ans de carrière
  • "Et rullt !" : Den Atelier vum Robert Brandy als Kuliss fir en Dokumentarfilm am Optrag vum MNHA
  • Grand angle sur le paysage : Le MNHA participe pour la 5e fois au mois européen de la photographie, biennale placée cette année sous le thème Rethinking Landscape
  • Nos légionnaires... : Parution d'un ouvrage scientifique qui fait toute la lumière sur l'engagement dans la région étrangère d'un millier de luxembourgeois
  • Designing stories: The spatial culture explained by Alessandro Floris, architect from Sardinia commissioned for our upcoming exhibition
  • Après les missions, finalement la maison : Le Centre de documentation sur la forteresse (CDF) vient d'élire domicile au Pfaffenthal, rue des Trois Glands
  • Eine Restaurierungswerkstatt erzählt... : Chronologie eines "Kreuzwegs" in fünf Stationen
  • "Ca marche comme sur des roulettes !" : Réaménagement du stockage mobilier au dépôt central du MNHA
  • "What is art anyway?": An interview with French artist Claude Viallat, a representative of the nouvelle peinture, about impasses leading to freedom
  • E virtuelle Schoulausfluch : "Journée découverte" am Dikrecher Musée : Eng flott interdisziplinär Zesummenaarbecht tëscht de Muséeën
  • Bon à savoir

Full text

7 02 ‘ 2021   museomag 
„Einfach ganz relax“, seet de Kameramann zum Kënschtler. Dëse laacht a mécht sech et bequem um Stull. 
„ET RULLT!“ (1/2) 
DEN ATELIER VUM ROBERT BRANDY ALS KULISS 
FIR EN DOKUMENTARFILM AM OPTRAG VUM MNHA 
„Moien,“ rifft e mir entgéint, wéi ëmmer gutt gelaunt. 
„Komm eran!“ Ech ginn dem Mann mam ikoneschen 
Hutt no, eran an de faméisen Atelier vum Robert 
Brandy. Et ass nach fréi an dobaussen dämmert et, 
mee d’Filmmécher an ech gi schnell gewarnt: „Bis 11 
Auer musse mir heinidde fäerdeg sinn, da schéngt 
d’Sonn ze staark eran.“ Oh!, denke mir, da musse mir 
eis begannen. D’Kuliss fir eisen Dokumentarfilm an 
Trailer fir déi kommend Retrospektiv vum Brandy am 
MNHA steet dee Moment schonn esou gutt ewéi: 
Den Atelier weist sech vu senger fotogeenster Säit, 
d’Pinsele sti stolz an enger Rei, de Billerstock ass 
voll, déi faarweg Pigmenter stralen an déi neiste Biller 
hänken am Hannergrond un der Mauer. Mir musse just 
nach en Dësch an e Stull an Zeen setzen, da kënne mir 
mam Interview ufänken. Dat duecht ech zumindest. 
D’OPRIICHTEN AN DÉI SUBTIL KONSCHT 
VUM BELIICHTEN 
Dunn awer goufe mir iwwerrascht vum deem wat 
d’Filmmécher ausgepaakt hunn: Eng ganz Rëtsch u 
Kameraen an Objektiver, Stativer, Luuchten, prabbeli- 
förmeg Liichtdiffusoren, e grousse gëllene Reflekter, 
Mikroen, Kabelen, nach weider Kabelen an zousätzlech 
Akkuen. Vill vum Material déngt dozou, déi perfekte 
Luucht ze schafen. Diffuust Liicht ass mëll a flächeg, 
dat heescht, dass kaum Kontraster, wéi zum Beispill 
Schieter, entstinn. Dofir gëtt eng direkt Luucht aus 
enger Liichtquell duerch en Diffusor, deen zum 
Beispill aus Stoff ka sinn, gedämpt a gläichméisseg 
zerstreet. Am Géigesaz dozou steet direkt Liicht, dat 
wéi e Scheinwerfer, e Géigestand oder eng Persoun 
ganz geziilt beliicht an domat eng gewëssen Theatralik 
entstoe léisst. De Brandy soll elo proufsëtzen, him gëtt 
erkläert a wéi eng Richtung e soll kucken wann en 
erzielt. „Einfach ganz relax,“ seet de Kameramann zum 
Kënschtler. Dëse laacht a mécht sech et bequem um 
Stull. Erstaunt ware mir wéi ee vun de Filmmécher déi 
original Luuchtebir aus dem Kënschtler senger grénger 
Schreifdëschluucht erausgeschrauft huet fir se mat 
enger ze ersetzen, déi hie mat sengem Smartphone 
konnt regléieren. Net nëmme konnt hie se iwwert 
säin Telefon un- an ausmaachen, mee och eng Faarf 
bestëmmen. Mir hunn eis géint moofgetëppelt a fir eng 
waarm, gielzeg Luucht entscheet. „Esou ass et gemitt- 
lech,“ seet de Brandy a betruecht déi schéin Atmosphär 
a sengem Atelier. 
© 
éric 
chenal TOURNAGE
	        

Downloads

Downloads

Full record

ALTO TEI Full text PDF Mirador

This page

PDF Image Preview Image Small Image Medium Image Large (3000 px) ALTO TEI Full text Mirador

Image fragment

Link to the viewer page with highlighted frame Link to IIIF image fragment

Formats and links

Formats and links

The metadata is available in various formats. There are also links to external systems.

Formats

METS METS (entire work) MARC XML Dublin Core

Links

DFG-Viewer Mirador

Cite

Cite

The following citation links are available for the entire work or the displayed page:

Full record

RIS

This page

Image manipulation tools

Tools not available

Share image region

Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

Contact

Have you found an error? Do you have any suggestions for making our service even better or any other questions about this page? Please write to us and we'll make sure we get back to you.

What is the fifth month of the year?:

I hereby confirm the use of my personal data within the context of the enquiry made.