MNAHA Collections Logo
  • First image
  • Previous image
  • Next image
  • Last image
  • Show double pages
Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

MuseoMag 2021_02

Access restriction

There is no access restriction for this record.

Copyright

The copyright and related rights status of this record has not been evaluated or is not clear. Please refer to the organization that has made the Item available for more information.

Metadata

fullscreen: MuseoMag 2021_02

Periodical

Title:
MuseoMag

Periodical volume

Title:
MuseoMag 2021_02

Article

Title:
E virtuelle Schoulausfluch : "Journée découverte" am Dikrecher Musée : Eng flott interdisziplinär Zesummenaarbecht tëscht de Muséeën

Contents

Table of contents

  • MuseoMag
  • MuseoMag 2021_02
  • Sommaire
  • Editorial
  • Le pionnier bien-aimé : Grande rétrospective consacrée à l'artiste luxembourgeois Robert Brandy pour ses cinquante ans de carrière
  • "Et rullt !" : Den Atelier vum Robert Brandy als Kuliss fir en Dokumentarfilm am Optrag vum MNHA
  • Grand angle sur le paysage : Le MNHA participe pour la 5e fois au mois européen de la photographie, biennale placée cette année sous le thème Rethinking Landscape
  • Nos légionnaires... : Parution d'un ouvrage scientifique qui fait toute la lumière sur l'engagement dans la région étrangère d'un millier de luxembourgeois
  • Designing stories: The spatial culture explained by Alessandro Floris, architect from Sardinia commissioned for our upcoming exhibition
  • Après les missions, finalement la maison : Le Centre de documentation sur la forteresse (CDF) vient d'élire domicile au Pfaffenthal, rue des Trois Glands
  • Eine Restaurierungswerkstatt erzählt... : Chronologie eines "Kreuzwegs" in fünf Stationen
  • "Ca marche comme sur des roulettes !" : Réaménagement du stockage mobilier au dépôt central du MNHA
  • "What is art anyway?": An interview with French artist Claude Viallat, a representative of the nouvelle peinture, about impasses leading to freedom
  • E virtuelle Schoulausfluch : "Journée découverte" am Dikrecher Musée : Eng flott interdisziplinär Zesummenaarbecht tëscht de Muséeën
  • Bon à savoir

Full text

28 museomag   02 ‘ 2021 
Am Mount Februar gouf et eng flott interdisziplinär 
Kooperatioun mam Dikrecher Geschichtsmusée a 
weidere kulturellen Acteuren, wéi zum Beispill den 
Naturmusée, déi de Schüler aus dem Fondamental 
zegutt komm ass. Op Initiativ vum Dikrecher Musée, 
déi 2020 an d‘Liewe geruff gouf, hunn déi verschidden 
institutionell Partner och dëst Joer am Kader vun 
enger Journée découverte dozou bäigedroen, de 
Schoulklassen d‘Muséeswelt e bëssi méi no ze bréngen 
an si mat Hëllef vu prakteschen Aktivitéiten op d’Kultur 
an dat historescht Ierwen zu Lëtzebuerg opmierksam 
ze maachen. 
De ganze Projet, dee wéi och schonns bei der éischter 
Editioun ronderëm Vältesdag organiséiert gouf, 
stoung ënnert dem Thema Léift. D’lescht Joer hat den 
MNHA an de Raimlechkeete vum Dikrecher Musée op 
e prakteschen Atelier agelueden, deen op d’Mënz a 
Medaillen aus senger Sammlung agaangen ass a be- 
sonnesch déi Exemplarer mat Rousen- a Blummen- 
oofbildunge virgestallt huet. D‘Schoulklasse sinn 
deemools op verschidde Statiounen am Roulement 
vu jeeweils zwanzeg Minutte vun de Mediateurs- 
equippen aus de verschiddenen Instituter encadréiert 
ginn. D’Journée vun 2020 hat esou just nach virum 
éischten allgemenge Corona-Lockdown stattfonnt. 
Dëst Joer hunn d’Equippen sech missten den aktuelle 
sanitäre Mesuren upassen. Vu dat de kulturelle 
Rendez-vous zu engem Moment stattfanne sollt, an 
deem d’Schoulen net hunn dierfen op pädagogesch 
Ausflich goen, war Flexibilitéit gefrot fir de ganze 
geplangte Programm coronatauglech ze maachen. 
WE GO DIGITAL, WAR DUNN D’LÉISUNG 
Wéi an Zäite vun der Pandemie sou oft, hunn d’Organi- 
sateuren op den direkte perséinleche Kontakt mat 
de jonke Participante misste verzichten an hunn eng 
digital Alternativ misste fannen. Fir d’Offere vun de 
verschiddene Partnerequippen all an d’Klassesäll ze 
bréngen, sinn d’Aktivitéiten am Virfeld op Video op- 
geholl ginn. Mat enger professioneller Filmequipe sinn 
déi praktesch Workshops a Form vun den typeschen 
tutorials festgehale ginn, fir duerno an de Schoulen 
D’MNHA Médiatricen Kim Thommes an Nadina Faljic si bei der Presentatioun vun hirer Bastelaarbecht gefilmt ginn – de Video 
konnten d‘Schüler sech duerno am Klassesall ukucken 
E VIRTUELLE SCHOULAUSFLUCH 
„JOURNÉE DÉCOUVERTE“ AM DIKRECHER MUSÉE: ENG FLOTT INTERDISZIPLINÄR 
ZESUMMENAARBECHT TËSCHT DE MUSÉEËN 
© ben müller
	        

Downloads

Formats and links

Cite

Contact

Have you found an error? Do you have any suggestions for making our service even better or any other questions about this page? Please write to us and we'll make sure we get back to you.

How many grams is a kilogram?:

I hereby confirm the use of my personal data within the context of the enquiry made.