MNAHA Collections Logo
  • First image
  • Previous image
  • Next image
  • Last image
  • Show double pages
Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

MuseoMag 2021_01

Access restriction

There is no access restriction for this record.

Copyright

The copyright and related rights status of this record has not been evaluated or is not clear. Please refer to the organization that has made the Item available for more information.

Metadata

fullscreen: MuseoMag 2021_01

Periodical

Title:
MuseoMag

Periodical volume

Title:
MuseoMag 2021_01

Article

Title:
Meet the artist : Den MNHA huet sech gefreet, och dëst Schouljoer nees e Projet mat der Ecole nationale pour adultes (ENAD) op d'Been ze setzen

Contents

Table of contents

  • MuseoMag
  • MuseoMag 2021_01
  • Sommaire
  • Editorial
  • A new vitality in the form's endless flexibility: Two founding members of the Supports/surfaces movement, Viallat and Saytour, questioning painting itself
  • Jusque-là invisible et illisible : A propos des méthodes scientifiques d'examen dans l'étape du dégagement d'une signature sur un tableau "anonyme" du 17e siècle
  • A vos impressions ! : Origines de Figure in print : Une heureuse entente entre notre musée au Fëschmaart, la bibliotèque nationale et l'atelier de gravure empreinte
  • Le repaire artistico-mécanique de Robert Brandy : Plongée dans l'univers de l'artiste qui en 2021 fête cinquante ans de carrière avec une exposition rétrospective au MNHA
  • Ein Revolver für Doughboys und G.I.'s - Und für's Museum : Vor kurzem hat das MNHA/M3E einen M1917 in der Ausführung von Colt in makellosem Zustand für seine Waffensammlung gewonnen
  • Haute couture : Pleins feux sur van Herp : Une confusion persistante enfin dissipée
  • Et war seelen dat dran, wat och drop stoung : Am MNHA-dépôt goufe 50 Grillage-boxen mat archeologesche Stengfragmenter muséesgerecht gebotzt, geraumt a klasséiert
  • Simple ou flottant ? : Analyse du choix du montage quand il s'agit d'exposer des oeuvres en papier
  • Aération interdite : Quand le bois fait tampon pour son propre bien-être
  • Meet the artist : Den MNHA huet sech gefreet, och dëst Schouljoer nees e Projet mat der Ecole nationale pour adultes (ENAD) op d'Been ze setzen
  • Bon à savoir

Full text

33 01 ‘ 2021   museomag 
Fir no deem ganzen Ofmoossen a Gerechens dann 
och e Gefill fir dat fräit Zeechnen ze kréien, huet de 
Pit Molling mat de Schüler weider Opwiermübunge 
gemaach. Iert et un déi figurativ Motiver gaangen 
ass, ass als éischt nach un enger Pabeierknujel getest 
ginn. An dat souwuel ofwiesselend mat der lénker 
wéi och mat der rietser Hand oder mat engem ver- 
längerte Bläistëft. „De Mouvement soll net aus 
dem Handgelenk kommen, mee aus dem ganzen 
Aarm“, präziséiert de Pit Molling. Heiansdo muss 
een sech och forcéieren, de Verstand auszeschalten 
an op säi Gefill an déi virdru genee agezeechente 
Linne vertrauen, och wann dat eegent Aen engem 
heiansdo e ganzt anert Raumgefill virgaukele wëllt. 
Fir d’Zeechne vu Figuren a Portraite gëllen déi selwecht 
Reegelen, ma hei kennt nach d’Schwieregkeet derbäi, 
dat ee probéiert en Motiv ze zeechnen, dat sech 
beweegt. Bei dësem Atelier hunn d’Schüler sech géige- 
säiteg portraitéiert. Wéi bis d’Grondkonstruktioun mat 
der Anatomie, de Gesiichtskonturen an de korrekte 
Proportiounen um Blat festgehale waren, hunn déi 
Jonk mam fräien Zeechne lassgeluecht. Wat d‘Duer- 
stellung vun de Liichtverhältnisser an de Schattéierun- 
gen ugeet, hunn d‘Schüler och hei nëtzlech Tipps vum 
Pit Molling kritt: „Beim Kontrastéieren hëlleft et sech un 
Elipsen ze orientéieren an sech vun de méi däischtere 
Plazen an dat Hellt eriwwer ze schaffen.“ 
FLEXIBEL BLEIWEN 
Duerch déi streng Reegelungen am Zesummenhang 
mam COVID-19, konnten d’Schüler déi fënnef ge- 
plangte Seancen net am MNHA fäerdeg maachen. 
Fir dat de Projet awer net an der Loft hänke bleift, ass 
de ganze Workshop kuerzerhand aus dem Musée an 
d‘Schoul verlagert ginn, wat der Motivatioun vun de 
Schüler awer keen Ofbroch gedinn huet. De Pit Molling 
huet déi Jonk an hirem Klassesall besicht, wou si hir 
Zeechenaarbechte konnte gemeinsam ofschléissen. 
Fir d’Schüler vun der ENAD war de Projet mam sympa- 
theschen Artist eng interessant Aventure, bei där si mat 
neie Technike geléiert hunn Géigestänn a Gesiichter 
ze zeechnen. Och fir de Pit Molling war dëse Projet 
eng immens flott Erfarung: „Ze gesi wéi d’Schüler, déi 
am Ufank ganz onsécher waren an un hire Fäegkeete 
gezweiwelt hunn, e bemol opbléien an richteg aus sech 
erauskommen, gëtt engem e schéint Gefill. Et huet ee 
gesi wéi si mat all Stonn méi Spaass drun haten. Et 
war beandrockend, wat mäi klenge punktuellen Input 
bewierkt huet a wéi séier si sech selwer weider ent- 
wéckelt hunn. Wéi si bis gemierkt hunn, wéi einfach et 
ka sinn wann een sech am Ufank un déi puer Reegelen 
hält, ware si sou motivéiert, dat ech si souguer hu misste 
bremsen, well se net méi ophale wollte mat Zeechnen.“ 
Michèle Platt 
SCHOOL WORKSHOP
	        

Downloads

Downloads

Full record

ALTO TEI Full text PDF Mirador

This page

PDF Image Preview Image Small Image Medium Image Large (3000 px) ALTO TEI Full text Mirador

Image fragment

Link to the viewer page with highlighted frame Link to IIIF image fragment

Formats and links

Formats and links

The metadata is available in various formats. There are also links to external systems.

Cite

Contact

Have you found an error? Do you have any suggestions for making our service even better or any other questions about this page? Please write to us and we'll make sure we get back to you.

What is the first letter of the word "tree"?:

I hereby confirm the use of my personal data within the context of the enquiry made.