MNAHA Collections Logo
  • First image
  • Previous image
  • Next image
  • Last image
  • Show double pages
Use the mouse to select the image area you want to share.
Please select which information should be copied to the clipboard by clicking on the link:
  • Link to the viewer page with highlighted frame
  • Link to IIIF image fragment

MuseoMag 2020_02

Access restriction

There is no access restriction for this record.

Copyright

The copyright and related rights status of this record has not been evaluated or is not clear. Please refer to the organization that has made the Item available for more information.

Metadata

fullscreen: MuseoMag 2020_02

Periodical

Title:
MuseoMag

Periodical volume

Title:
MuseoMag 2020_02

Article

Title:
Rollespill am Musée : Mat Schmink an Theater selwer zum Konschtwierk. Eng aussergewéinlech Erfarung fir de jonke Public.

Contents

Table of contents

  • MuseoMag
  • MuseoMag 2020_02
  • Sommaire
  • Editorial
  • Un défi de taille : Installation d'une oeuvre monumentale The Portait Society de Roland Schauls : Un casse-tête technique pour l'équipe de régie et d'artisans
  • "Grouss genuch datt ee sech dra verléiert" : De Kënschtler Roland Schauls am Gespréich mam Muriel Prieur, Coordinatrice vum Projet
  • L'esthétique dans la peau : Brushed by light - Première rétrospective de l'artiste néerlandaise Carla van de Puttelaar
  • Epreuves et victoires de la démocratie : Retour sur un colloque international de deux jours à la Chambre des Députés dans le cadre de notre exposition #Wielewatmirsinn
  • Retour aux sources : Rencontre avec Frédéric Laux, Directeur des Archives de Bordeaux, dont l'arrière-grand-père luxembourgeois fut légionnaire
  • "Es gibt grosse Parallelen zwischen Rom und Persien" : Im Gespräch mit dem Fotografen Alfred Seiland
  • Expérimentations en couleurs : Retour aux sources : Dans l'atelier d'un polychromeur du XVIIe siècle
  • Die Artillerie in all ihren Facetten : Am 11. März nahmen sechs Experten verschiedene Aspekte des Themas le Canon à Luxembourg du XVe au XVIIIe siècle in Angriff
  • Drawing an apple...
  • Rollespill am Musée : Mat Schmink an Theater selwer zum Konschtwierk. Eng aussergewéinlech Erfarung fir de jonke Public.
  • Bon à savoir

Full text

28 museomag   02 ‘ 2020 
© 
evelin 
hernandez 
D‘Kanner ginn an individuell Seancë vun ongeféier zwou Stonnen am Gesicht geschminkt: mat Hëllef vun verschiddenen Acces- 
soiren an Deko gëtt e Personnage kreéiert. 
ROLLESPILL AM MUSEE 
MAT SCHMINK AN THEATER SELWER ZUM KONSCHTWIERK. 
ENG AUSSERGEWÉINLECH ERFARUNG FIR DE JONKE PUBLIC . 
Säit dem Enn vum leschte Jor huet den MNHA eng e 
bëssi méi ausgefalen Offer fir Kanner a Jugendlecher 
um Programm, déi de jonke Leit eng eemoleg Erfa- 
rung bidde soll. Säit Oktober 2019 a nach bis am Juni 
2020, kënnen déi Jonk am Kader vum Atelier photo- 
graphie de maquillage théâtral vun enger Aféierung an 
d’Kreatioun vu professionellem Theatermaquillage an 
an d‘Konscht vun der mise en scène virun enger Foto- 
kamera profitéieren. 
EN INNOVATIIVT KONZEPT – 
THEATER, KONSCHT A FOTOGRAFIE 
Hannert deem innovative Konzept stécht d‘Natalia 
Sanchez, dat aus dem Theatermilieu kënnt, fréier als 
Actrice op der Bün stoung an haut éischter hannert de 
Kulissen d’Fiedem zitt. D’Natalia forméiert Acteuren a 
senger Theaterschoul a coacht och säi Mann, de Lex 
Gillen, deen ënnert anerem fir den MNHA schonn a 
méi wéi eng Roll geschlüpft ass, fir de  Public op eng 
theatralesch Visitt duerch d’Museeskollektiounen ze 
féieren. D’Natalia kombinéiert säin Talent am profes- 
sionellen Theatermaquillage mat senger Beruffserfa- 
rung als metteur en scène, fir zesumme mat de Kanner 
nei Konschtwierker ze erschafen, déi duerno vun der 
Fotografin Evelin Hernandez veréiwegt ginn. 
ET GEET NET JUST ËM DE 
MAQUILLAGE 
D‘Kanner ginn an individuell Seancë vun ongeféier 
zwou Stonnen am Gesicht geschminkt. Mat Hëllef vun 
verschiddenen Accessoiren an Deko gëtt e Personna- 
ge kreéiert. Nodeems d’Verwandlung ofgeschloss ass, 
sinn dann déi jonk Talenter gefuerdert fir de Personna- 
ge och virun der Kamera ze inzeenéieren. 
Et gehéiert deemno méi dozou, wéi just stall ze halen 
a sech schminken ze loossen. Et geet drëms en fiktive 
Personnage ze verkierperen an seng Roll och op de 
Fotoen iwwerzeegend eriwwerzebréngen. Mat Hëllef 
vun hirer Kierpersprooch an hirer Mimik sollen si Emo- 
tiounen ausdrécken an déi Roll déi si verkierperen zum 
Liewen erwächen. Dofir mussen si sech intensiv mam 
Sujet ausenanersetzen. Iert et mam uschléissende Fo-
	        

Downloads

Downloads

Image fragment

Link to the viewer page with highlighted frame Link to IIIF image fragment

Formats and links

Cite

Contact

Have you found an error? Do you have any suggestions for making our service even better or any other questions about this page? Please write to us and we'll make sure we get back to you.

How much is one plus two?:

I hereby confirm the use of my personal data within the context of the enquiry made.