Lectures | Vorträge CONFÉRENCES D’KONSCHT VUM PORTRAIT – DE ROLAND SCHAULS IWWERT DE JOSEPH KUTTER Säit den Ugangs 2000er Jore be- schäftegt sech de Roland Schauls, deen a senge Biller gäre konscht- historesch Referenzen opgräift, ëmmer rëm mam Wierk vum Joseph Kutter. Well genee wéi beim Kutter spillt och beim Schauls d’mënschlech Figur, virun allem de Portrait, eng zentral Roll. Säi monumentaalt Wierk Portrait Society (1995-98), dat säit e puer Joer am Nationalmusée hänkt, illustréiert dës Faszinatioun mam Portrait, besonnesch mam Kënschtler-Autoportrait. An engem Gespréich mat der Curatrice vun der Ausstellung schwätzt de Roland Schauls iwwert d’Konscht vum Portrait an d’Bedeitung vum Kutter sengem kënschtlereschen Iewen. Échange entre la commissaire de l‘exposition Lis Hausemer et l‘artiste Roland Schauls Samedi 27 avril 15 h LU gratuit – sur inscription EXPO DEM KUTTER SENG GESIICHTER