12 MuseoMag N°IV 2025 DÉI ÉISCHT REKRUTEN Wäertvoll Signalements-Fichen aus den Ufanksjore vun der éischter Lëtzebuerger Arméi ginn d’Hierkonft an d’Rekrutéierung vun den Zaldoten präis © éric chenal De Musée krut 2022 e Konvolut vun den Aschrei- wunge vun den éischten 177 Zaldoten an Ënnerof- fizéier vum Bundeskontingent, déi sech zu Iechter- nach fräiwëlleg der Trupp ugeschloss hunn. Et ass e richtege Glécksfall datt dës Signalements-Fichen aus den Ufanksjore vun der éischter Lëtzebuerger Arméi iwwerhaapt erhale bliwwe sinn. Si erlaben on- verhofft Réckschlëss op d’Hierkonft an d’Rekrutéie- rung vun den Zaldoten. Den Duerchschnëttsalter vun den 154 Lëtzebuerger, 20 Preisen an 3 Belsch läit bei 22 Joer. Well d’Rekrutéierung dorobber baséiert huet, datt een sech als Fräiwëllegen huet musse mellen, war dat Ganzt en immens schwéierfällegen a laangwierege Prozess. DE JOHANN PETER SCHMITZ VU GRÉIWEMAACHER Am éischte Mount, dem Oktober 1842, ginn nëmme fënnef Fräiwëlleger opgeholl. Den 8. Oktober 1842 kritt d’Nummer 1, de Johann Peter Schmitz (*1823), seng Diensttauglichkeit vum Dokter Schepp an dono säi Signalement vum kommandéierenden Offizéier, dem Baron von Quadt, confirméiert. Enn November schreift hee sech och nach an d’Nationalmiliz an. A sengem Dossier leien nach en Auszuch aus dem Gebuerteregister vu Gréiwemaacher, enger Auto- risatioun vu sengen Eltere fir sech am Kontingent anzeschreiwen, den Accord datt him déi für die Landesarmee festgestellten Kriegsgesetze deutlich vorgelesen gi sinn, an och e Führungsattest a säin Abschid aus der belscher Arméi. Nom Friddensver- trag tëscht den Nidderlanden an der Belsch ass de Schmitz den 18. September 1839 aus dëser entlooss ginn comme appartenant à une commune passée sous la nomination de la Hollande. De Miseler hat sech mat 16 Joer fräiwëlleg fir 6 Joer an de bel- schen Déngscht gemellt a seng Karriär am 2. Artil- lerieregiment do ugefaang. Lo muss heen zréck op Gréiwemaacher wou heen eng Aarbecht fënnt als Déi vill Popeiere vun den Aschreiwunge vun den éischten 177 Zaldoten an Ënneroffizéier vum Bundeskontingent, déi sech zu Iechternach fräiwëlleg der Trupp ugeschloss hunn, kënnt Dir elo op eiser Sammlungsplattform collections-mnaha.lu kucken.