8 MuseoMag N°II 2025 Fotoen am 19. Joerhonnert typesche Carte de visite-Format sinn eng aussergewéinlech Quell a ginn de Militärs Gesiichter. OP DE SPUERE VUM BUNDES- KONTINGENT A JÄGERKORPS Wéi d’Virbereedunge fir eng Ausstellung iwwert d’Urspréng vun der Lëtzebuerger Arméi onerwaarten Dieren opgemaach hunn. Eng historesch Ausstellung ze konzipéieren ass e ganze Prozess dee meeschtens op eng änlech Aart a Weis ugi gëtt. De Musée Dräi Eechelen huet sech dës Kéier de Lëtzebuerger Bundeskontingent eraus- gesicht. Dat war déi éischt Arméi vum Land, déi haut wäitestgehend vergiess ass. Dobäi huet se virun allem Spueren an der Lëtzebuerger Gesellschaft hannerlooss. D’Sich no potentiellen Objete fir an d’Austellung fänkt als éischt mol bei der Sammlung vum Musée un. En immens wichtegen Don ass an e puer Etappen déi lescht Joren an de Musée rakomm. Et handelt sech ëm Fotoen, Dokumenter, Tableauen an aner Objete vun der Stater Famill Munchen. De Louis-Al- phonse Munchen ass ee vun eise Protagonisten an der Ausstellung. Anhand vun enger Panoplie un Objete kënne mer heen ëmmer erëm an de Kontext sëtzen a souwuel seng militäresch Karriär wéi och säi perséinleche Wee nozeechnen. Esou begleede mer heen als jonken Erwuessenen an d‘hollännesch Arméi, fannen heen erëm als Offizéier am Bundes- kontingent deen tëscht Dikrech an Eechternach pendelt, ginn Zeie vu senger Hochzäit mat der Barbe Sophie Wolff an huelen Deel u senger Trauer wou seng Fra an zwee vu senge Kanner 1866 un der Cho- lera stierwen. Hee verkierpert dës Zäit wéi keen aner a vereent duerch dës aussergewéinlech Témoignage souwuel de militäreschen wéi och de gesellschaft- lechen Aspekt. DE WÄERTVOLLE FONG VUM HERALDIKER LOUIS WIRION Am Nationalarchiv hu mer eis intensiv duerch eng 60 Liasse gewullt déi esou räich un Informatioune waren, datt mer mol en Inventaire ugeluecht hu fir dono méi einfach kënnen d‘Sélectioun vun den Dokumenter ze maachen. Ee Fong ass besonnesch räich an zwar dee vum Heraldiker Louis Wirion (1907- 1961), dee sech och fir Uniformen an Arméi interes- séiert huet. A senger Sammlung ginn et e ganze Koup Originaler a Kopie vu Fotoe mat Portraite vun Offizéier aus dem Bundeskontingent an doriwwer eraus. Zesumme mat deenen aus der Musées- Sammlung si si elo en uniquen Ensembel deen den Zaldoten e Gesiicht gëtt. Vill vun hinnen hu mer am © éric chenal