5 
N°II 2025   MuseoMag 
INTERVIEW 
séiert, deemols och staark anengend, voire empriso- 
néierend muss gewierkt hunn, fir déi Leit déi bannent 
hire Mauere gewunnt hunn. 
Kéint Dir Är Démarche an dëser Serie erklären – 
wéi entstinn dës Wierker, wat ass den technesche 
Prozess? 
No éischten Tester, sinn ech an enger zweeter Phas 
méi systematesch virgaang an hunn alles nach emol 
mat enger héichopléisender Kamera opgeholl. Déi 
meeschte Point-de-vuë waren zougänglech, voire 
zum Deel verdeckt, wat och interessant war. Ee Point 
de vue war awer ganz vun der Vegetatioun verdeckt. 
Do hu mer missen e Kran loune fir an déi richteg 
Positioun ze kommen. 
Duerno gëtt alles um Computer verschafft, als di- 
gitale Collage. Vu dass ech iwwerhaapt keen Expert 
am Photoshop war, hunn ech fir d’éischt mol missen 
eng sëllegen online Tutorials kucken, fir mech an 
d’Technik vum Compositing eranzeschaffen. 
An Ärer leschter Fotosausstellung Stadtrand 
vun 2022, hutt Dir Eech och scho mam Thema 
Urbanismus, Stadentwécklung a virun allem 
dem Mënsch seng Emprise dorobber, befaasst. 
Firwat ass dat e Sujet deen Eech um Häerz läit? 
Eng gutt Fro, zu där ech net wierklech eng Äntwert 
hunn well dat gréisstendeels intuitiv geschitt. 
Eigentlech befaasst sech mäin éischten Documen- 
taire Schrebergaart (2009) scho mat änlechen 
Thematiken. Ech hunn dat réischt nodréiglech be- 
mierkt. Ech ka just soen dass ech d’Natur gären 
hunn, mech fir Kulturentwécklung a Geschicht in- 
teresséieren, an dass ech gären dobaussen an der 
frëscher Loft sinn. Et huet en observatoreschen an 
en zivilisatiouns-kriteschen Aspekt. 
Als „Stater Jong“, wéi ass Är perséinlech 
Aschätzung zu der Entwécklung déi d’Stad 
Lëtzebuerg de Moment matmécht? 
Hmm. Wann ech lo kulturell kucken, fannen ech 
dass d’Stad eng positiv Entwécklung matge- 
maach huet. Ech sinn an de spéiden 80er ugangs 
90er grouss ginn, do ware mer nach an enger Zort 
kultureller Wüst zu Lëtzebuerg. Dat ass lo net méi sou. 
Architektonesch an urbanistesch sinn ech net de 
Spezialist, mee ech gesi kee wierklecht Konzept 
an och keng gréisser Visiounen. Et sti wéineg nei 
Saachen do, wou ee spiert dass do een eng inspi- 
réiert Visioun gehat hätt oder e Sënn fir Ästhetik. 
Wann een 1829 mat 2025 iwwertenee leet, si bal 
ëmmer déi Konstruktioune vu virun 200 Joer méi 
interessant. Op d‘mannst a mengen Aen. T’ass 
symptomatesch fir Lëtzebuerg, mee et schéngt 
u Courage ze feelen fir gréisser Visiounen a fir 
Entscheedungen déi net just vum direkte Profit 
guidéiert ginn. T’ass schued, well d’Moyene sinn do 
fir méi ambitiéis Projeten. 
Dir hutt 2011 un der Installatioun vun der 
thailännescher Artistin Hong-Kai Wang op der 54. 
Biennale zu Venedeg mat engem Video bäigedro. 
Wat huet déi Erfarung fir Är weider Karriär bedeit? 
T’ass manner déi Aarbecht un a fir sech, wéi de 
Kontext an där se entstan ass. Ech hunn iwwert eng 
Period vu 7 Joer fir de Casino Luxembourg – Forum 
d’art contemporain all hir Ausstellunge filmesch 
dokumentéiert an Interviewe mat de Kënschtler 
gemaach. Aus deem Optrag eraus ass net nëm- 
men d’Zesummenaarbecht mat der Hong-Kai 
Wang entstan, mee och den Documentaire «Atelier 
Luxembourg», déi mech zweemol op d’Biennale 
vu Venedeg bruecht hunn. Mäi Verständnis vu wat 
zäitgenëssesch Konscht ass, souwuel als Praxis, 
mee och als Theorie, als Milieu an als Marché, huet 
sech doduerch staark ausgebilt. 
Dir hutt Visual Culture studéiert a sidd esou wuel 
an der Fotografie wéi och am Film ënnerwee. 
Wat fir e Medium hutt Dir léiwer? Ass et eng 
Erausfuerderung, sech an zwou verschiddenen 
artisteschen Disziplinnen ze behaapte bzw. 
akzeptéiert ze ginn? 
Ech sinn eigentlech iwwert d’Fotografie zum Film 
komm an hunn dunn iergendwann decidéiert meng 
berufflech Carrière dem Film ze widmen. Zanter en- 
ger Rei Jore sinn ech elo am Film méi an der Produk- 
tioun wéi an der Realisatioun ënnerwee. Genau zum 
gläiche Moment ass den Drang zur Fotografie nees 
opkomm, wat mir perséinlech eng grouss kreativ Sa- 
tisfatkioun an en Ausglach gëtt. Fir gutt Fotografie ze 
maachen, brauch ee vill Zäit a Rou, woumadder ech 
als jonke Mënsch net vill konnt ufänken a wat ech 
elo immens schätzen. Et ass sécherlech eng Eraus- 
fuederung an et sinn zwee ganz verschidde Milieuen. 
Ech kann allerdings net behaapten dass ech am Mi- 
lieu vun der Fotografie établéiert wier, mee et kann 
och en Avantage sinn, wann een dat net muss an 
sech einfach op seng Aarbecht konzentréiert. 
Dësen Interview gouf vum Simone Feis gefouert 
D’Ausstellung La cité transparente 
am Musée Dräi Eechelen 
gëtt den 23. Abrëll um 18 Auer ageweit 
an dauert bis den 16. November 2025.